Wéinst BestiechlechkeetFréier südkoreanesch First Lady muss 7 Joer an de Prisong

RTL Lëtzebuerg
Well si an hirer Funktioun wäertvoll Kaddoen a Boergeld ugeholl hat, ass d'Kim Keon Hee zu 7 Joer Prisong verurteelt ginn.
Fréier südkoreanesch First Lady muss 7 Joer an de Prisong
Well si an hirer Funktioun wäertvoll Kaddoen a Boergeld ugeholl hat, ass d'Kim Keon Hee zu 7 Joer Prisong verurteelt ginn.

Déi fréier südkoreanesch First Lady Kim Keon Hee ass zu siwe Joer Prisong verurteelt ginn. Dem zentrale Bezierksgeriicht an der Haaptstad Seoul no wier erwisen, dass déi 53 Joer al Fra vum fréiere President Yoon Suk Yeol hire Status genotzt hätt, fir Boergeld a Luxuskaddoen am Wäert vu puer Honnertdausend Euro unzehuelen.

Iwwert hiren Affekot huet d'Kim, déi zanter leschtem August an Untersuchungshaft sëtzt, matdeele gelooss, datt si géint d'Urteel wäert an Appell goen. Hire Mann wäert de Rescht vu sengem Liewen am Prisong verbréngen, well bewise konnt ginn, datt hie mam Ausruffe vum Krichsrecht d'Verfassung ënnerwandere wollt, fir seng Muecht z'assuréieren.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO