
Nom schwéieren duebelen Äerdbiewen am Venezuela ginn de Vereenten Natiounen no nach iwwer 50.000 Leit vermësst. "D'Sich an den Iwwerreschter ass eng kolossal Aufgab," sot de Koordinator vun der UN-Nouthëllef Tom Fletcher e Freideg géintiwwer der AFP. "Iwwer 50.000 Mënsche gi vermësst, iwwer 500 Leit sinn dout". Den UN-Generalsekretär fir humanitär Aufgaben huet weider präziséiert, datt et sech ëm eng "extrem komplex Rettungsaktioun" handelt.
Dat schwéiert duebelt Äerdbiewen war e Mëttwoch den Owend am Ofstand vu just 39 Sekonne westlech vun der Haaptstad Caracas. Déi zwee Äerdstéiss haten eng Stäerkt vu 7,2 a 7,5 op der Richterskala. An der Stonnen dono goufen nach Dosenden Nobiewe gemooss.
Duerch d'Biewe si vill Gebaier an de Koup gefall oder gouf schwéier beschiedegt. En Donneschdeg den Owend Lokalzäit hat een den Autoritéiten no 589 Doudesaffer gebuergen a ronn 4.300 Persoune fonnt, déi blesséiert waren.