SEWBei Ëmfro koum eraus: Am Schnëtt sinn an de Klassesäll hei am Land 32,21 Grad

Kevin Kayser
Kuerz no 9 Auer dëse Freideg hat d'Gewerkschaft d'Léierpersonal hei am Land opgeruff, fir hinne matzedeelen, wéi waarm et an hirem Klassesall ass.
Och de Ventilator hëlleft bei ze héijen Temperaturen nach just minimal.
© QUENTIN TOP/Hans Lucas via AFP

Vill Gemengen a Schoulautoritéiten hate schonn am Virfeld annoncéiert, datt dëse Freideg, änlech wéi schonn op ville Plazen e Méindeg an e Mëttwoch, d'Schoul fir d'Kanner net obligatoresch ass. Eng Surveillance, déi quasi iwwerall duerch d'Enseignantë garantéiert ass, war en place gesat ginn. De Grond war kloer: Bei Temperaturen ëm déi 40 Grad dobaussen, ass et och a ville Gebailechkeete vun de Schoule just schwéier méiglech, fir datt d'Kanner sech op eppes konzentréiere kënnen. Op deene meeschte Plazen, wou d'Schoul net fakultativ gemaach gouf, gouf fir d'Kanner en Alternativprogramm op d'Bee gestallt.

Datt esou e Schratt vun de Gemengen ënnerholl gëtt, huet den Educatiounsminister Claude Meisch domadder erkläert, datt si d'Autoritéit vun de Schoulgebaier hunn a besser positionéiert si wéi säi Ministère, fir d'Situatioun anzeschätzen. Och wollt een dat net vun der Regierung aus erof diktéieren, well dat en Impakt op déi ganz Aarbechtswelt hei am Land gehat hätt, huet de Minister am RTL Interview argumentéiert.

Educatiounsminister erkläert, firwat net all Schoul hëtztfräi kritt

Dem Claude Meisch no sinn d'Grondschoulen jo d'Kompetenze vun de Gemengen an net vum Ministère, eppes wat den Deputéierte Marc Goergen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" kritiséiert huet. A well eeben d'Kompetenze bei de Gemenge leien, wieren déi eenzel Gebaier a Schoulen och ganz ënnerschiddlech equipéiert. An och bei de Lycéeë muss een den Ënnerscheet maachen, ob d'Gebai nei gebaut ass oder schonn 100 Joer besteet. Net all Schoul kéint sech "gläich gutt géint d'Hëtzt schützen".

Mä wéi waarm ass et effektiv an de Säll?

Fir dann awer emol en Iwwerbléck ze kréien, wéi waarm et an den eenzele Klassesäll an der Grondschoul, also dem Fondamental, ass huet, den SEW, also de Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, seng Memberen e Freideg de Moien opgeruff, fir hinne matzedeelen, wéi waarm et an hire Klassesäll ass.

Um 9:17 Auer hu si dëse Post op Facebook publizéiert. Ofgefrot goufe Saachen, wéi op den Enseignant am Fondamental oder am Secondaire schafft, a wéi enger Regioun respektiv a wéi enger Gemeng hie schafft a wéi héich d'Maximaltemperatur am Klassesall war. Dës Lëscht goung vun "ënner 25 °C" bis "37 °C a méi", mat enger Augmentatioun vun all Kéiers engem Grad. D'Temperaturen, déi si matgedeelt kruten, koumen also quasi all vu Enseignanten, déi an hire Säll gemooss hunn.

Kuerz viru 17 Auer hate schonn 967 Enseignanten hir Temperaturen eragereecht. An hei seet den SEW, datt "d'Zuelen eng kloer Sprooch" schwätzen. Well bei enger Duerchschnëttstemperatur vun 32,21 Grad an de Säll wieren déi meescht Klassesäll "net gerëscht fir bei dësen Temperaturen e gesond a séchert Aarbechtsklima ze garantéieren." Schlëmmer nach: 81 Prozent vun den Enseignantë soen, datt an hirem Sall d'Temperaturen tëscht 30 a 35 Grad gemooss goufen. Just an 11 Prozent vun de Säll louch d'Temperatur ënner den 30 Grad Celsius.

Fuerderung ass kloer: "Elo heescht et séier reagéieren a Schoulen norëschten". Well duerch de Klimawandel ass et kloer, datt et net déi leschte Kéier ass, datt Lëtzebuerg mat dësen Temperature konfrontéiert gëtt. Den SEW wëll awer hei kee "Gepléischters" mä kloer a virausschauend Handlungen.

Schonn dat lescht Joer hätt een de Ministère op d'Problematik opmierksam gemaach an elo fuerdert een eng Reunioun, fir zesummen drun ze schaffen, datt "dat hei de leschte Summer war, ënnert deene Schüler a Personal an iwwerhëtzte Klassesäll sëtze mussen". Dëst sinn och alles Fuerderungen, déi den SEW däitlech méi ausgebaut an hirem Oppene Bréif vum 22. Juni 2026 un den Educatiounsminister Claude Meisch geriicht hunn.


Liest och zum Thema

Back to Top
CIM LOGO