Pläng vun digitaler SteierTrump dréit europäesche Länner nees mat Stroftaxen an Héicht vun 100 Prozent

RTL mat AFP
Den US-President huet op Truth Social nees Europa an d'Viséier geholl.
© AFP/File/Kenzo Tribouillard

Den US-President Donald Trump huet e Freideg nees domadder gedréit, datt hie Stroftaxen an Héicht vun 100 Prozent op Produiten aus deenen europäesche Länner wäert setzen, déi eng digital Steier op US-Produite wëllen aféieren.

"All Land, dat esou eng Steier aféiert, wäert direkt Importtaxe vun 100 Prozent op all seng Produiten, déi an d'USA kommen, dropgesat kréien", esou den Trump op engem Post op Truth Social. Dës Stroftaxen wäerten all Handelsofkommes mat deem Land ersetzen, onofhängeg dovun, ob "dëst Ofkommes schonn ëmgesat, ënnerschriwwen op nach net ofgeschloss ass", esou den Trump weider.

Dëse Schratt koum just een Dag, nodeem d'EU-Memberstaaten gréng Luucht fir en Handelsofkommes ginn hunn, wat dat lescht Joer mat den USA ausgehandelt gi war. Deemno géifen d'Importtaxen op europäesch Produiten op 15 Prozent limitéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO