
Den iranesche Staatssfernsee huet an der Nuecht op e Samschdeg gemellt, d'Revolutiounsgarden hätten als Reaktioun op US-Ugrëff verschidden amerikanesch Positiounen an der Golfregioun ugegraff. D'US-Arméi hat virdrun dem zoustännege Regionalkommando Centcom no Rakéiten- an Dronelager, genee wéi och Radaranlagen un der Küst, an d'Viséier geholl. Den US-Vizepresident JD Vance huet mat weiderer "Gewalt" gedreet.
Iwwert déi iranesch Géigenugrëff soten d'Revolutiounsgarden dem Staatsfernsee no weider: "Sollt sech d'Aggressioun widderhuelen, wäert eis Reaktioun nach méi ëmfaassend ausfalen."
Déi iranesch Staatstëlee sot weider, et hätt um spéide Freidegowend eng Explosioun an der südlecher Hafestad Sirik ginn. Ausserdeem huet d'Chaîne iwwer eng Rei Warnschëss géint aus iranescher Siicht "net reegelkonform" Schëffer an der Mieresstrooss vun Hormus bericht.
Iwwer d'US-Ugrëff sot Centcom, dës wieren eng Reaktioun op den Ugrëff op een Handelsschëff an der Strooss vun Hormus gewiescht. Et wier eng "kraaftvoll Äntwert op den Ugrëff gëscht op een Handelsschëff, dat duerch d'Strooss vun Hormus gefuer ass." Den Ugrëff op d'Handelsschëfffaart duerch den Iran wier "onbegrënnt" gewiescht an hätt "kloer" géint d'Wafferou verstouss.
Déi International Mieresschëfffaartsorganisatioun (IMO) hat en Donneschdeg vun engem Ugrëff op ee Frachter am Golf vum Oman bericht. Doduerch wier d'Evakuéierung vu ronn 11.000 Leit gestoppt ginn, déi op Schëffer an der Golfregioun festsëtzen.
Den US-President Donald Trump hat dem Iran virdrun nei Ugrëff op Schëffer an der Strooss vun Hormus virgeworf. Dat wier "eng domm Verletzung vun eisem Wafferou-Accord" gewiescht, sot hien op senger Online-Plattform Truth Social.
De Vizepresident JD Vance huet Teheran op X gewarnt, Gewalt géif just weider Gewalt mat sech zéien. Wann den Iran Differenzen iwwer d'Ëmsetze vum Accord hätt, kéinte si "zum Telefon gräifen".
E Freideg sinn iwwerdeems weider Handelsschëffer duerch d'Strooss vun Hormus gefuer. Der Plattform "Kpler" no sinn e Freideg bis an de spéiden Nomëtteg eran 29 Cargo-Schëffer duerch d'Mieresstrooss gefuer, 17 dovunner iwwert eng Route laanscht d'omanesch Küst, déi net vum Iran accordéiert gi war. Der Internationaler Mieresschëfffaartsorganisatioun (IMO) no wieren zanter Dënschdeg 115 Schëffer an 2.500 Séileit evakuéiert ginn.
Den Iran hat d'Strooss vun Hormus, déi fir de Welthandel onheemlech wichteg ass, vun Ufank Mäerz u blockéiert, kuerz nom Ufank vun den Ugrëff vun Israel an den USA. D'lescht Woch hate Washington an Teheran sech op ee graffen Accord fir een Enn vum Krich an eng Reouverture vun der Mieresstrooss gëeenegt. Aktuell lafe Verhandlungen, déi bannent 60 Deeg zu engem definitiven Accord féiere sollen.