
Autoen a Flamen, et gëtt mat Steng gehäit a Butteker eidel geraumt. Bei de Protester géint d’Ausgangsspär an Holland koum et e Méindeg den Owend landeswäit nees zu schroen Ausernanersetzungen.
Zu Rotterdam ass d’Police e Méindeg mat Waasserwerfer géint Leit virgaangen, déi a Geschäfter agebrach sinn, zu Haarlem gouf Tréinegas agesat. Op d’mannst 10 Poliziste goufen zu Rotterdam blesséiert. Weider Protester goufen et awer och an anere Stied am Land, dorënner och zu Amsterdam an zu Den Haag. Zu Brabant an Den Bosch hu Randaléierer Medieberichter no probéiert a Spideeler anzedréngen. D’Police huet d’Entréeë missen ofspären, Ambulanze goufen op aner Spideeler ëmgeleet.
Der Police no goufen 184 Mënsche festgeholl.
Déi éischt Ausschreidunge goufen et de Weekend bei Protester géint d’Ausgangsspär an der Nuecht, déi d’Regierung jo ordonéiert huet, fir de Coronavirus besser ënner Kontroll ze kréien. Mëttlerweil wier d’Motivatioun vun de gréisstendeels jonke Randaléierer awer onkloer. An Tëscht geet een dovun aus, dass sech verschidde Gruppen un de Protestaktioune bedeelegen, dorënner Konspirationisten an Hooligans, souguer Neonazien.
Den hollännesche Ministerpresident Mark Rutte huet d’Verhale vun de Randaléierer verurteelt. Hien huet vu “krimineller Gewalt” geschwat. Sou eppes hätt et an de leschte 40 Joer net ginn, sot de Koen Simmers vun der Policegewerkschaft NPB.
Op de soziale Reseauen gouf an den hollännesche Nopeschregiounen Maasmechelen, Sinkt-Niklaas an Turnhout en Opruff gemaach, sech un den Demonstratiounen ze bedeelegen.
E Méindeg den Owend hätt e jonke Mann e Molotowcocktail op d’Haus vum fréiere Buergermeeschter gehäit, wéi d’Noriichtenagence Belga gemellt hat. D’Dot gëtt a Verbindung mat méiglechen Protester géint d’Corona-Mesurë gestallt. D’Ermëttlunge lafen.
Bis ewell koum et an der Belsch net zu gréisseren Demonstratiounen.