Firwat huet Havanna 300 Drone kaf?Kuba wërft den USA vir, e Virwand fir eng militäresch Interventioun ze sichen

RTL Lëtzebuerg
Den US-Medium Axios hat behaapt, Kuba hätt méi wéi 300 militäresch Drone kaf a géif méiglech Attacken op US-Ziler wéi Guantanamo Bay oder Key West diskutéieren.
© ADALBERTO ROQUE/AFP

De kubaneschen Ausseminister Bruno Rodríguez huet den USA virgeworf, eng "gefälschte Geschicht" opzebauen, fir wirtschaftlechen Drock a méiglech militäresch Schrëtt ze rechtfäerdegen.

De Rodríguez sot, Kuba géif weder Krich wëllen nach menacéieren, mee sech géint eng méiglech auslännesch Aggressioun verdeedegen. Den amerikaneschen Informatioune no sollen och iranesch Militärberoder zu Havanna sinn.

D’Spannungen tëscht den USA a Kuba si staark geklommen. D’Land leit ënner enger schwéierer Energie- a Brennstoffkris, déi duerch den US-Embargo nach verschäerft gouf.

Dat féiert zu reegelméissege Stroumausfäll, Problemer an de Spideeler an engem Manktem u Liewensmëttel a Medikamenter.

© YOMIURI SHIMBUN/The Yomiuri Shimbun via AFP

Back to Top
CIM LOGO