
Insgesamt goufe bei der Sëtzung am rheinland-pfälzesche Landtag zu Mainz 105 Stëmmen ofginn, dovunner 63 fir de Schnieder an 38 géint hien. Zwee Deputéiert hu sech enthalen an zwou weiderer waren ongülteg. D'Koalitiounsfraktioun vun CDU an SPD huet insgesamt 71 Mandater am Landtag. De Gordon Schnieder ass gebiertegen Tréierer an den éischten CDU-Politiker op deem Posten zanter dem Carl-Ludwig Wagner 1991. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Alexander Schweitzer, deen am Juli 2024 seng SPD-Parteikolleegin Malu Dreyer no 11 Joer ofgeléist hat.
E Méindeg gouf et dann nach e weidere Wiessel am Landtag vu Rheinland-Pfalz: Neie Parlamentspresident ass de Matthias Lammert (och CDU) ginn. Déi nei Landesregierung soll nächste Méndeg vereedegt ginn. D'Landtagswalen a Rheinland-Pfalz ware jo den 22. Mäerz, dës hat d'CDU mat 31% fir sech entscheet, dat virun der SPD, déi op 25,9 Prozent koum. D'CDU ass domat mat 39 Sëtzer am Landtag vertrueden, a stellt zesumme mat der SPD, déi op 32 Mandater koum, d'Regierungskoalitioun. Weider am Landtag zu Mainz vertrueden, ass d'AfD mat 24 Sëtzer an d'Grüne mat 10.