Meescht Doudesurteeler a China, Iran a Saudi-ArabienZuel vu weltwäiten Exekutiounen op héchstem Stand zanter iwwer 40 Joer

AFP, iwwersat vun RTL
Amnesty International warnt virun enger "dramatescher Hausse" vun den Exekutioune weltwäit.
Die Zahl vollstreckter Todesurteile ist laut Amnesty International so hoch wie seit mehr als 40 Jahren nicht mehr. Im vergangenen Jahr wurden die meisten Todesurteile den Aktivisten zufolge in China vollstreckt, gefolgt vom Iran und Saudi-Arabien.
Zejoert goufe weltwäit am Ganzen 2.707 Mënschen higeriicht.
© AFP

D'Zuel vun den Exekutiounen ass der Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International no esou héich wéi zanter iwwer 40 Joer net méi. Zejoert goufe weltwäit am Ganzen 2.707 Mënschen higeriicht, huet d'Mënscherechtsorganisatioun e Méindeg erkläert. Domat gouf den héchste Stand zanter 1981 erreecht. Déi meescht Doudesurteeler goufen dem Rapport no a China duerchgezunn, suivéiert vum Iran, Saudi-Arabien, dem Jemen an den USA.

Déi "dramatesch Hausse" ass der Organisatioun no op Réckschrëtter an e puer wéinege Staaten zréckzeféieren, "déi d'Doudesstrof geziilt als Instrument vun der Aschüchterung asetzen", heescht et am Rapport. Eleng d'Autoritéite vun der Islamescher Republik Iran hunn deemno 2025 op d'mannst 2.159 Mënschen higeriicht - méi wéi duebel sou vill wéi 2024.

Um Enn vum leschte Joer gouf et Amnesty no Doudesurteeler géint 28.085 Mënsche weltwäit. D'Doudesstrof wier "onmënschlech, endgülteg a léisst kee Raum fir Feeler oder Gerechtegkeet", huet d'Generalsekretärin vun Amnesty International Däitschland, d'Julia Duchrow, erkläert. Datt ëmmer nach Regierungen dorop setzen, géing "eng erschreckend Mëssuechtung vum Recht op Liewe" weisen.

Déi reell Zuel un Exekutioune géing iwwerdeem awer nach vill méi héich leien. Net erfaasst wieren deemno Exekutiounen a China, wou dës Donnéeën als Staatsgeheimnis gëllen. Trotzdeem ass China dem Rapport no mat Dausende Fäll onverännert dat Land mat de meeschten Hiriichtunge weltwäit.

Bal d'Hallschent vun den Doudesstrofe goufen ausserdeem am Zesummenhang mat Drogendelikter verhaangen. Leit fir esou Strofdoten hinzeriichten, wier "zousätzlech e klore Broch vum Vëlkerrecht", sou nach d'Duchrow.

145 Länner hunn Amnesty no d'Doudesstrof mëttlerweil per Gesetz oder an der Praxis ofgeschaaft an 113 Länner hunn d'Doudesstrof fir all Strofdoten ofgeschaaft. Allerdéngs géing d'Organisatioun fir 2025 Hiriichtungen a 17 Länner feststellen - dat Joer virdru waren et nach 15 Länner.

Back to Top
CIM LOGO