Kuerz no Mëtternuecht Lokalzäit e Méindeg de Moien, also géint 18:21 Auer eiser Zäit, gouf d'Stad Liuzhou an der Regioun Guangxi vun engem staarken Äerdbiewe getraff. Wéi de staatleche Sender CCTV mellt, wiere beim Biewen zwou Persounen ëm d'Liewe komm. Bei den Affer handelt et sech ëm e Mann vun 63 Joer an eng Fra vun 53 Joer. E Mann vun 91 Joer, dee kuerz nom Biewe vermësst gouf, konnt vun de Rettungsdéngschter gebuerge ginn. Hie läit aktuell am Spidol.
Den Autoritéiten no sinn 13 Gebaier an de Koup gefall an iwwer 7.000 Leit goufen aus der betraffener Regioun evakuéiert. Biller, déi CCTV publizéiert huet, weisen Debrisen an de Stroossen a Mënschen, déi aus Héichhaiser flüchten. D'Rettungsekippe sichen nach ëmmer mat Hënn no méiglechen Iwwerliewenden.
Äerdbiewe sinn a China keng Raritéit. Am Januar 2025 ware bei engem schwéiere Biewen an der Regioun Tibet op d'mannst 126 Leit ëm d'Liewe komm.