D'Croisièresschëff "Hondius", op deem den Hanta-Virus ausgebrach war, huet elo seng Rees vun de Kanaren bis op Rotterdam hannert sech bruecht. E Méindeg de Moien ass d'Schëff am Hafe vu Rotterdam agelaf. Déi lescht Leit, déi nach u Bord waren, konnten d'Schëff dann elo verloossen. Déi 25 Membere vun der Crew ewéi och zwee medezinesch Mataarbechter kommen elo a Quarantän an och d'Läich vun der däitscher Fra, déi den 2. Mee gestuerwe war, gëtt vu Bord bruecht.
Nodeem d'Schëff elo zu Rotterdam un Anker läit, gëtt dëst komplett desinfizéiert. D'Persounen, déi nach u Bord waren, mussen a Quarantän oder musse sech selwer isoléieren. Dofir gouf extra e Containerduerf um Site vum Rotterdammer Hafen opgeriicht.
Schonn Enn vum Mount soll d'Hondius da prett si fir eng nächst Croisière. Déi ass dann an d'Arktis geplangt. Op et awer zäitlech opgeet, ass nach net fix.