
Bei enger Reunioun mat ranghéije Kommandeuren huet de Kim e Sonndeg iwwer d'"Politik vun der territorialer Verdeedegung" vu senger kommunistescher Regierungspartei geschwat, sou déi staatlech Noriichtenagence KCNA. Zil vun dëser Politik wier et, "d'Unitéiten un der Frontlinn un der südlecher Grenz ze stäerken an d'Grenz an eng Festung ze verwandelen".
Weider huet den nordkoreanesche Staatschef vun enger "grousser Verännerung" geschwat, fir e Krich z'evitéieren. D'Kommandeure sollten deemno hir "Haltung géigeniwwer dem Äerzfeind" schäerfen, huet et vum Kim Jong Un an Uspillung op Südkorea geheescht. Och solle Projete fir d'Moderniséierung vum Militär virugedriwwe ginn.
Pjöngjang huet seng Haltung géigeniwwer dem südlechen Noper rezent nach emol verschäerft. Am Mäerz huet de Kim Jong Un Südkorea als "deen eis am meeschte feindlech gesënnte Staat" bezeechent. An de leschte Joren huet de Regime iwwerdeems Stroossen an Eisebunn-Linne, déi déi zwee Länner matenee verbannen, zerstéiert an och Barriären an der Géigend vun der Grenz erriicht. Den neie südkoreanesche President Lee Jae Myung hat dem Norde rezent Gespréicher ugebueden, Pjöngjang ass allerdéngs bis ewell net op d'Offer agaangen.