Haus zu Görlitz (D) an de Koup gefallLäich vu 25 Joer aler Rumänin gebuergen, zwou Persoune weiderhi vermësst

AFP, iwwersat vun RTL
Bei der Sich no dräi Persounen, déi zu Görlitz verschott goufen, wéi en Haus e Méindeg an de Koup gefall ass, gouf elo een Doudesaffer gebuergen.
Secouristen droen den 21. Mee 2026 d'Läich vun enger 25 Joer aler Rumänin aus dem Haus zu Görlitz, dat den 18. Mee 2026 an de Koup gefall ass.
Secouristen droen den 21. Mee 2026 d'Läich vun enger 25 Joer aler Rumänin aus dem Haus zu Görlitz, dat den 18. Mee 2026 an de Koup gefall ass.
© PAUL GLASER/dpa Picture-Alliance via AFP

Nodeems e Méindeg en Haus zu Görlitz an de Koup gefall ass, hunn d'Rettungsdéngschter een Doudesaffer ënnert de Stécker fonnt. Wéi et vun der Police um fréien Donneschdegmoien heescht, wier et d'Läich vun enger 25 Joer aler Fra aus Rumänien.

No der Entdeckung vun der verschotter Fra géint 22:30 Auer wier d'Sich no weidere Leit kuerz ënnerbrach ginn. En Noutdokter hätt den Doud vun der Fra, déi zanter dem Ongléck e Méindeg vermësst gi war, festgestallt. Hir Läich wier doropshi gebuerge ginn. Méi spéit wier d'Sich no den zwee anere Vermëssten nees opgeholl ginn. Dobäi wier och op en Neits e Sichhond an den Asaz komm.

D'Appartementshaus am Zentrum vu Görlitz war e Méindeg wuel duerch eng Gasexplosioun an de Koup gefall. Zanterhier siche Rettungsekippen deels per Hand an de Stécker no dräi Vermëssten, déi verschott goufen. Nieft der 25 Joer aler Fra, déi e Mëttwoch gebuerge gouf, sollen eng weider Fra vu 26 Joer an e Mann vun 48 Joer gesicht ginn.

Secouriste bei der Sich no de Vermëssten zu Görlitz den 20. Mee 2026.
Secouriste bei der Sich no de Vermëssten zu Görlitz den 20. Mee 2026.
© SEBASTIAN WILLNOW/dpa Picture-Alliance via AFP

No der Explosioun waren zäitweis zéng Nopeschhaiser geraumt ginn. En Dënschdeg konnten d'Awunner vu verschiddene Gebaier nees an hir Wunnengen zréck. E Mëttwoch duerften iwwerdeem Leit aus Haiser, déi nach gespaart sinn, zesumme mat Secouriste kuerz an hir Wunnengen, fir perséinlech Saache sichen ze goen, heescht et nach vun der Police. Der Stad no géing aktuell nach dru geschafft ginn, d'Säitewand vun engem Nopeschhaus ze sécheren.

Back to Top
CIM LOGO