Video vun israeeleschem Minister suergt fir Kritik aus der eegener RegierungMembere vu Global Sumud Flotilla mat gefesselten Hänn op de Knéien ze gesinn

RTL mat AFP
Israel hat d'Booter vun der Flotilla e Méindeg interceptéiert.
Den israeelesche Minister fir déi national Sécherheet Itamar Ben Gvir
Den israeelesche Minister fir déi national Sécherheet Itamar Ben Gvir
© TOSHIYUKI FUKUSHIMA/The Yomiuri Shimbun via AFP

De rietsextreemen israeelesche Minister fir national Sécherheet, den Itamar Ben Gvir, huet e Mëttwoch e Video op de soziale Medie publizéiert, an deem ee gesäit, wéi Membere vun der "Global Sumud Flotilla" mat gefesselten Hänn op de Knéien ze gesi sinn. Iwwerdeems ass ze gesinn, wéi de Minister mat engem israeelesche Fändel wénkt a seet: "Wëllkomm an Israel, mir si bei eis."

Israel hat d'Booter vun der Flotilla e Méindeg interceptéiert.

Dem Ben Gvir säi Verhale gouf iwwerdeems vun anere Membere vun der israeelescher Regierung kritiséiert. Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar huet de Video verurteelt: "Du hues dem israeelesche Staat bewosst an op eng degueulasse Manéier geschuet an dat net fir d'éischt. Du hues d'Efforte vu ville Leit - Zaldoten, Mataarbechter vum Ausseministère a villen aneren - zerstéiert. Nee, du bass net d'Gesiicht vun Israel", esou de Saar op "X" a Richtung vum Ben Gvir.

Och vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gouf et Kritik. D'Manéier, op déi de Ben Gvir mat de Membere vun der Flotilla ëmgeet, wier net mat israeelesche Wäerter an Normen an Aklang ze bréngen. Hien hätt Uweisunge ginn, fir d'Provokateuren esou séier ewéi méiglech ausser Landes ze bréngen, sou den israeelesche Regierungschef an engem offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO