
Déi zwee Fligere ware vun Exilkubaner bedriwwe ginn. Kubanesch Militärgligeren hate se deemools ofgeschoss. De Raúl Castro war zu där Zäit Verdeedegungsminister.
Den US-Justizminister Todd Blanche sot, datt eng federal Jury d’Uklo am Abrëll guttgeheescht hätt.
Den US-Autoritéiten no riskéiert de Raúl Castro eng liewenslaang Prisongsstrof.
De Federal Bureau of Investigation huet erkläert, datt iwwer 30 Joer un dësem Fall geschafft gouf.
D’Affär kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Regierung vum Donald Trump den Drock op Kuba weider erhéicht.