
Ënnert anerem wier de Paräisser Institut vun der arabescher Welt (IMA) duerchsicht ginn, nodeems hiren Direkter Lang no de Revelatiounen hat missen zerécktrieden, déi de Chef vum der franséische Finanzpartner Pascal Prache matgedeelt huet.
De Finanzparquet (PNF) huet de 6. Februar eng Ermëttlung wéinst dem Verdacht op “Blanchiment am besonnesch schwéiere Fall vu Steierbedruch” géint de fréiere Minister a seng Duechter, d’Caroline Lang, an d’Weeër geleet. Zwar leie géint de Lang den Ament keng Uschëllegunge vir, ma an dee vun der US-Justiz verëffentlechten Dokumenter gëtt säin Numm a 673 Fäll a Korrespondenze mam Epstein genannt. Si weisen iwwerdeems och Interessensverflechtungen mat dem US-Finanzberoder.
Den Jack Lang weist sech “vollkommen entspaant”. De 86 Joer ale Mann, deen den IMA 13 Joer laang ugefouert huet, huet e Méindeg vis-à-vis vun der Noriichtenagence AFP verséchert, hien hätt “näischt ze verstoppen”. D’Fouillen an dem renomméierte Kulturinstitut IMA sinn an där Zäit gemaach ginn, an där de Lang senge fréiere Mataarbechter Äddi gesot huet.
Zanter der Verëffentlechung vun dräi Milliounen Dokumenter aus den Epstein-Akten am Januar gerode weltwäit ëmmer méi Politiker a prominent Leit ënner Drock, déi an den Dokumenter zitéiert sinn. De bis an déi héchst Kreesser vu Politik a Wirtschaft vernetzten Epstein soll iwwer Dausend Mannerjäreger a jonk Frae mëssbraucht an deels u Prominenter weidergereecht hunn. Hie war fir d’éischt 2008 wéinst der Ustëftung vun enger Mannerjäreger zur Prostitutioun verurteelt ginn.
2019 gouf den Epstein wéinst dem Verdacht op sexuelle Mëssbrauch vu Mineuren op en Neits festgeholl. Am August 2019 gouf hien erhaangen a senger Zell an engem New Yorker Prisong fonnt. Den Autoritéiten no huet hie sech selwer d’Liewe geholl.
D’Publikatioun vun den Epstein-Dokumenter huet an enger jett Länner fir Schlagzeile gesuergt. Ma eng Erwänung an den Dokumenter heescht nach net zwangsleefeg, datt een och an d’Affäre vum Epstein verwéckelt war oder souguer strofrechtlech relevant gehandelt huet. Déi bekannten Nimm, déi an den Epstein-Dokumenter opdauchen - dorënner den US-President Donald Trump - verséchere meeschtens, datt si vum Ausmooss vun de kriminelle Machenschafte vum Epstein näischt gewosst hätten.