Israel-Palästina-KonfliktLëtzebuerg huet eng International Responsabilitéit, fir géint Vëlkerrechtsverletzunge virzegoen

Céline Eischen
Lëtzebuerg huet eng international Responsabilitéit an och Obligatiounen a Froe ronderëm déi illegal israeelesch Occupatioun vu palästinenseschem Territoire.
Pro-Palestina-Maniff
© Nelson Cheung

Dat sinn d’Conclusioune vun zwou Notes de Recherches déi vun externen Experten opgestallt gi sinn, an déi e Méindeg um Krautmaart an der Aussepolitescher Kommissioun virgestallt goufen. Dat huet bei Oppositioun a Majoritéit fir Reaktioune gesuergt.

Israel-Palestina Konflikt an der Chamber / Reportage Céline Eischen

Fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, deen dës Analysen ugefrot huet, ass kloer: Lëtzebuerg muss Faarf bekennen a méi konsequent agéieren. Do gesäit hie sech an de Conclusioune vun den Notes de Recherche bestätegt:

“Et steet ganz vill do dran an deenen Notten an de Message ass am Fong, dass Lëtzebuerg wierklech d’Marge de manœuvre huet, fir mam gudde Beispill virzegoen, fir och sengen internationalen Obligatiounen, wéi zum Beispill ënnert där Konventioun fir d’Preventioun vum Genocide, fir deenen och nozegoen.”

Konkret kéint Lëtzebuerg hei Importer verbidden, déi déi illegal Occupatioun géifen ënnerstëtzen. D’Experte proposéieren dann och eng méi genee Kontroll vun de Finanzementer an Investitiounen. Hei géif den aktuelle legale Kader schonn eng Rei Mesurë méiglech maachen, ënnersträicht d’Sam Tanson vun déi Gréng:

“Do kënnt d’Nott och zum Constat, dass eise legislative Kader schonn eng ganz Rëtsch Méiglechkeeten huet, an deem ee ka schaffen. An d’Nott gesäit awer och nach Potenzial, wéi een de legislative Kader ka verbesseren. Ech denken, dass dat eppes ass, wat mer an engem Echange mam Ausseminister wäerte klären.”

An der Analys gëtt och festgehalen, datt Lëtzebuerg eng Responsabilitéit vis-à-vis vun den internationalen Institutiounen hätt. D’Tatsaach, datt d’Spuerkeess, vun där de Staat 100%-egen Aktionär ass, rezent d’Konte vum internationale Strofgeriichtshaff wéinst der Gefor vun Amerikanesche Sanktiounen zougemaach huet, wier dem Franz Fayot no ee kloert Zeeche vu Manktem u politeschem Courage vun der Regierung:

“Dat weist a mengen Aen, dass net vill politesche Courage do ass, fir hei aktiv ze ginn, deen awer misst do sinn, well et nach eng Kéier hei eng Obligatioun gëtt, fir Lëtzebuerg fir sech anzesetzen.”

Et wier och eng moralesch Fro, esou d’Sam Tanson:

“Onofhängeg vun deem juristesche Gediskutéiers, ass et einfach eng Fro vun der Eethik, vun der Moral an eeben och wéi d’Politik sech dozou positionéiert. An do wësse mer jo, dass hei d’Regierung sech extreem schwéier gedoen huet, eng Positioun dozou ze huelen.”

Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet hätt d’Conclusioune vun den zwou Notes de Recherche zur Kenntnis geholl. Ma de Fokus dierft net just op Israel leien:

“Wéi gi mer mat anere Staaten ëm, deenen och Virwërf gemaach ginn, wat Verletzunge vum Vëlkerrecht ugeet, an zéie mer dat da konsequent bei alle Staaten, bezéiungsweis bei alle Persounen aus Staaten, déi sech deem schëlleg gemaach hunn, duerch? An ech mengen, dat ass eppes, wat mer elo an der aussepolitescher Kommissioun mussen och mat der Regierung eng Kéier diskutéieren, well dat kéint ganz wäit goen.”

Hie kéint sech zum Beispill net drun erënneren, datt Lëtzebuerg mam gudde Beispill virgaange wier, fir sech fir pro-demokratesch Demonstranten a China anzesetzen.

Iwwer d’Conclusioune vun den Analyse soll elo geschwënn mam Ausseminister Xavier Bettel diskutéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO