Lëtzebuerg schéckt weider Hëllef a Venezuela. En Dënschdeg de Moien ass vum belsche Militärfluchhafe vu Melsbroek en Airbus A400M gestart. U Bord och zwee Lëtzebuerger CGDIS-Memberen aus dem Interventiounsgrupp fir humanitär Missiounen. Se hunn e sougenannte "Light base Camp"-Modul derbäi, eng Zort Zelt-System, dat ganz séier kann opgebaut ginn, fir d'Hëllefekippen sur place z'ënnerstëtzen. Mat derbäi sinn awer och nach aner Saachen aus dem nationale Stock, wéi Generatoren fir Stroum ze produzéieren oder aner Zorten Zelter.
Schonns e Freideg waren zwee Lëtzebuerger op d'Plaz geflunn, déi mam Satellitte-Kommunikatiounssystem emergency.lu an de sinistréierte Gebidder hëllefen. Dräi weider Lëtzebuerger hëllefe sur place an der Koordinatiounsekipp vun der europäescher Protecc.
Duerch d'Äerdbiewen d'lescht Woch goufen iwwer 58.000 Gebaier beschiedegt oder sinn ganz an de Koup gefall. Dat beleeë Satellittebiller, déi d'NASA an d'ESA opgeholl hunn, a vun der Universitéit vun Oregon an den USA ausgewäert goufen.
Et wier eng Zuel, déi et natierlech nach um Terrain ze validéieren géif, mä d'Biller aus grousser Héicht géifen dorop hindeiten. Bis ewell ass vu staatlecher Säit vun iwwer 1.700 Doudesaffer rieds. Et muss een awer dervun ausgoen, dass nach zeg dausende Leit ënnert de Ruine leien.