Propos vu Frankräich refuséiertDen Iran wëll net, datt aner Natiounen d'Séi-Minnen an der Strooss vun Hormus raumen

RTL Lëtzebuerg
Esou Initiative wieren eng Provokatioun a géife géint de Kaderaccord tëscht dem Iran an den USA verstoussen.
© -/AFP

Kontradiktoresch Aussoen iwwer weider Friddensverhandlungen tëscht den USA an dem Iran. Den US-President Trump sot, datt nach um Dënschdeg am Katar géif weider verhandelt ginn, dat op Ufro vum Iran. Vum Iran heescht et dogéint, et wier keen neie Rendez-vous fixéiert. Et géife just Gespréicher op reng techneschem Niveau weiderlafen.

Den Iran wëll iwwerdeems net, datt aner Natiounen d'Séi-Minnen am Hormuspassage raumen. Eng entspriechend Propos vu Frankräich gouf refuséiert. Esou Initiative wieren eng Provokatioun a géife géint de Kaderaccord tëscht dem Iran an den USA verstoussen. Exklusiv den Iran wier zoustänneg, fir d'Minnen aus dem wichtege Mierespassage ze huelen, sou heescht et vun Teheran.

Back to Top
CIM LOGO