
D'USA hunn e Méindeg annoncéiert, datt si weider "liewenswichteg" Hëllef an déi betraffe Regioune schécken, dat fënnef Deeg nodeem zwee schwéier Äerdbiewen op d'mannst 1.719 Doudesaffer gefuerdert hunn.
De Vereenten Natiounen no ginn nach op d'mannst 50.000 Leit vermësst. Schätzunge vun der UNO no sinn eleng an der Regioun La Guaira duerch d'Astierze vu Gebaier 1,2 Milliounen Tonnen Debrisen entstanen.
Honnerte Läiche leien an improviséierte Läichenhalen am Hafe vun der Stad La Guaira, esou Journaliste vun der AFP. D'US-Arméi, déi schonn 130 Marines op d'Plaz geschéckt hunn, fir bei den Opraumaarbechten ze hëllefen, hunn e Méindeg matgedeelt, datt den Hafen zu La Guaira nees géif funktionéieren. Domadder kann een elo och ufänken, Hëllefsgidder, déi dréngend gebraucht ginn, z'entlueden.
Dronebiller vun der Géigend weisen, datt e verschiddene Quartieren an der Regioun kee Gebai méi komplett intakt ass. D'Rettungsekippe gruewe sech virun de Ae vun de Familljememberen duerch d'Debrisen, an der Hoffnung, nach Leit lieweg erëmzefannen.
E Méindeg huet de President vun der Nationalversammlung Jorge Rodriguez matgedeelt, datt d'Zuel vun de confirméierten Doudesfäll vun 1.450 op 1.719 geklommen ass. Hien huet weider och vun iwwer 5.000 Blesséierte geschwat.
D'UNO rechent mat engem däitlech méi uerge Bilan an huet annoncéiert, datt een 10.000 Läichesäck liwwere wëll. Als Basis fir dës Zuel hëlt een d'Schätzung, datt eng 2.500 Gebaier zerstéiert goufen, "vun deenen déi meescht komplett an de Koup gefall sinn".
Dem Gianluca Rampolla Del Tindaro no, deen d'Koordinatioun fir d'UNO am Venezuela iwwerholl huet, hu bis ewell 27 Länner méi wéi 40 Rettungsekippen op d'Plaz geschéckt. Et wieren "iwwer 2.000 Rettungsdéngschter a weider Persounen um Terrain, mat 160 Sichhënn". Dës international Ekippen hunn et fäerdeg bruecht, e Sonndeg siwe Persoune nach lieweg aus den Iwwerreschter vun de Gebaier ze retten.
Zu Caracas ma och an der Regioun La Guaira ass d'US-Arméi mat hirer ganzer logistescher Force am Asaz. Hiert Zil ass et, eng "essentiel a liewensrëttend Hëllef op der Plaz ze schafen", esou den US-Ausseministère. Aktuell sinn e puer honnert US-Zaldoten am Asaz, ma d'USA hunn e Méindeg erkläert, datt een d'Hëllef fir Venezuela verduebele wéit, op elo am ganzen 300 Milliounen Dollar, mat deenen ONGen an UNO-Agencen ënnerstëtzt ginn.