De Lionel Jospin ass e Sonndeg am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Dat huet seng Famill e Méindeg der Noriichtenagence AFP matgedeelt. De laangjärege Chef vun de Sozialisten, dee vun 1997 bis 2002 ënnert dem Jacques Chirac Premier vu Frankräich war, war zwee Mol bei de Presidentiellen ugetrueden. Dat allerdéngs ouni Succès.
De leschte Januar hat de Lionel Jospin eng “seriö Operatioun”. “All deenen, déi sech Suergen iwwer meng Gesondheet maachen, wëll ech Follgendes matdeelen: Ech hat eng seriö Operatioun, déi gutt verlaf ass. Ech sinn nees doheem a roue mech aus”, hat de Politiker erkläert. Detailer zu senger Operatioun hat de fréiere Chef vun de Sozialisten, deen ouni Succès bei de Presidentiellen 1995 an 2002 kandidéiert hat, net genannt. De fréiere Regierungschef hat sech an de leschte Méint ëmmer nees zu Wuert gemellt, fir iwwert déi aktuell politesch Situatioun ze schwätzen.
Den 19. Oktober 1998 war de Lionel Jospin iwwregens och zu Lëtzebuerg op Visitt. Dat fir dem deemolege Premier Jean-Claude Juncker seng Laudatio ze halen, deen de “Vision for Europe"-Präis iwwerreecht krut. Kuckt hei nach emol de Reportage vun deemools:
Wärend senger Amtszäit hat hien ënnert anerem d'35-Stonne-Woch duerchgesat. Donieft gehéieren déi allgemeng Krankeversécherung an de PACS als éischte Schrëtt a Richtung Bestietnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen zu senge Succèsen. Zu de sozialistesche Ministeren a senger Regierung hunn den Dominique Strauss-Kahn, de Laurent Fabius an de Jack Lang gehéiert. Et war eng Zäit, zu där d’Gauche a villen europäesche Regierunge war, an Holland an Däitschland, Italien a Groussbritannien. Wéi de Lionel Jospin 2001 zouginn huet, datt hien a senger Jugend bei den Trotzkisten engagéiert war, huet dat zwar eng ëffentlech Debatt ausgeléist. Verschiddene Medien no war hien esouguer als Maulef fir d’Trotzkiste Member am PS ginn an hätt Liene mat hinnen ënnerhalen, wéi hie schonn éischte Sekretär bei de Sozialiste war.
Ma ee Joer drop ass hie fir d’Sozialiste bei de Presidentiellen ugetrueden. Hie koum nom Jacques Chirac an dem Jean-Marie Le Pen vum deemolege Front national just op déi drëtte Plaz. No senger Néierlag sot de Jospin: “Le résultat du premier tour de l’élection présidentielle qui vient de tomber, est comme un coup de tonnerre. Voir l’extrême droite représenter 20 % des voix dans notre pays, et son principal candidat, affronter celui de la droite au second tour, est un signe très inquiétant pour la France et pour notre démocratie.”
Dono huet de Lionel Jospin sech méi aus der ëffentlecher Debatt zréck gezunn. 2015 gouf hie Member vum franséische Conseil constitutionnel. Nom Doud vum Jospin huet de franséische President Emmanuel Macron e grousse franséische Destin gewierdegt. De fréiere sozialistesche President, François Hollande, huet vun endloser Trauregkeet geschwat. De Leader vun der lénkser France insoumise, de Jean-Luc Mélenchon, deen ënnert dem Lionel Jospin delegéierte Minister fir d’Beruffsausbildung war, huet hien als Modell vun Exigenz a Fläiss gelueft.