
An Italien huet d’Majoritéit an engem Referendum géint eng Justizreform gestëmmt. Déi italieenesch Premierministesch Meloni schwätzt vun enger verpasster Chance, fir d’Land ze moderniséieren. Bal 54% hu géint d’Justizreform gestëmmt.
D’Reform war en Haaptuleies vun hirer Regierung a sollt de Justizapparat méi effikass maachen.
Kritiker hunn ëm d’politesch Onofhängegkeet vu Riichter a Procureure gefaart.
D’Meloni huet hir Néierlag agestanen, allerdéngs ënnerstrach, dass se hir Aarbecht zum Wuel vun der Natioun géif weiderféieren. Si hat scho virum Referendum ausgeschloss, bei enger Néierlag perséinlech Konsequenzen ze zéien.