
No de schwéieren Äerdbiewen a Venezuela sichen Rettungsekippen an agestierzte Gebaier weider no Iwwerliewenden. De President vun der Nationalversammlung am Land, de Jorge Rodriguez, beziffert d'Zuel vun den Doudesaffer op well 1.450, dausende Leit goufen iwwerdeems blesséiert. Et gouf awer och e Liichtbléck an de leschte Stonnen: e Papp a säi Bouf goufen e Sonndeg zu Caraballeda aus Iwwerreschter gerett.
Mat engem Ofstand vun nëmmen 39 Sekonne koum et, e Mëttwoch den Owend, westlech vun der Haaptstad Caracas zu zwee Biewen hannerteneen. Béid Stéiss haten eng Stäerkt vu 7,2, respektiv 7,5 op der Richterskala. An de Stonnen dono goufen ëmmer nees méi kleng Biewe registréiert.
Den Autoritéiten no sinn op d'mannst 189 Gebaier an e Koup gefall, 774 Gebaier sinn deels zerstéiert. De Chef vum zoustännegen UN-Büro fir humanitär Situatiounen, den Tom Fletcher, huet der AFP e Freideg zu Genf matgedeelt, dass iwwer 50.000 Mënsche géife vermësst ginn. De Schued gëtt der UN no op ronn 6,7 Milliarden US-Dollar geschat, wat ronn 6% vum PIB vum Land wieren. Bis zu 6,7 Millioune Mënsche kéinte vun de Biewen am Land betraff sinn.
I held a call with @delcyrodriguezv following the devastating earthquakes in Venezuela.
I conveyed the EU's full solidarity with the Venezuelan people and our deepest condolences to the families of those who lost loved ones.
The EU has already mobilised €5 million in emergency…
— Kaja Kallas (@kajakallas) June 28, 2026
Dem Parlamentspresident vum Land no hätten antëscht 21 Länner Sich- a Rettungsekippen a Venezuela geschéckt. D'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas huet op X erkläert, d'EU hätt den Europäesche Katastropheschutz-Mechanismus aktivéiert, fir Hëllef ze schécken. Dobäi komme scho fënnef Milliounen Euro un Hëllefen, déi dem Land bereetgestallt goufen.