
Den Accord mat de südamerikanesche Mercosur-Staaten trëtt der EU-Kommissioun no den 1. Mee, also a gutt engem Mount, a Kraaft. Eng ganz Partie Taxen tëscht der EU a Brasilien, Argentinien, sou wéi Uruguay sollen dann ewechfalen, sou d’Kommissioun weider. Déi dräi südamerikanesch Staaten hunn den Accord ratifizéiert, déi formal Ratifizéierung am Europaparlament feelt nach. Och de véierte Staat vum Accord, Paraguay, huet den Handelsaccord scho ratifizéiert. Ma Bréissel no hätt een awer nach keng offiziell Matdeelung kritt.
Den EU-Handelskommissär Maros Sefcovic bezeechent dat virleefegt Akraafttrieden als “wichtege Schratt, fir eis Glafwierdegkeet als bedeitenden Handelspartner ënner Beweis ze stellen”. Hannergrond heivunner ass, dass sech d’Ratifizéierung am Europaparlament nach ëm e puer Méint wäert verréckelen, well d’Deputéiert op Fuerderunge vu Kritiker den Accord dem Europäesche Geriichtshaff (EuGH) fir eng juristesch Iwwerpréiwung virgeluecht hunn.
Den Handelsaccord soll eng vun de weltwäit gréisste Fräihandelszone schafen an déi meeschten Taxen op béide Säiten opléisen. Wärend d’Europäer ënner anerem Autoen a cheemesch Produiten a Südamerika exportéieren, liwweren d’Mercosur-Länner haaptsächlech landwirtschaftlech Produiten a Matière première. Baueren an enger Partie europäesche Staaten, virun allem awer a Frankräich, protestéieren dowéinst géint d’Ofkommes.