Lafzäitverlängerung vu CattenomMinister Turmes: Mat Alliéierte géint d'Atomkraaftwierk virgoen

Serge Pauly
Zu Cattenom gëtt am Moment de Block 3 fir 200 Milliounen Euro komplett frësch gemaach. E soll da bis 2031 lafen, mä EDF plangt scho méi wäit.
10-Jores-Revisioun vum Block 3 vu Cattenom
Zu Cattenom gëtt am Moment de Block 3 fir 200 Milliounen Euro komplett frësch gemaach. E soll da bis 2031 lafen, mä EDF plangt scho méi wäit.

Visite Cattenom / Reportage Claudia Kollwelter

Zanter 1986 ass d’Atomzentral vu Cattenom um Netz. D’lescht Joer goufe knapp 10 Prozent vum franséischen Atom-Stroum hei produzéiert. Am Moment ass d’Tranche 3 awer ausser Betrib, fir grouss Aarbechten ze maachen. Dat ass quasi eng “10-Jores-Revisioun”, bei där de Reakter op Häerz an Nieren iwwerpréift gëtt. Mir sinn am Maschinneraum vun der Tranche 3, am net-radioaktiven Deel vum Reakter, do wou déi grouss Turbinn déi eigentlech Stroumproduktioun assuréiert. Wärend 6 Méint gëtt hei quasi all Schrauf eenzel kontrolléiert. D’To-Do-Lëscht ass 18.000 Punkte laang, 3.000 Aarbechter sinn un dëser grousser Revisioun bedeelegt. Eng Revisioun, déi all 10 Joer fälleg ass, an déi néideg ass, fir dass déi zoustänneg Administratioun ASN d’Betribserlabnes ëm 10 weider Joer verlängert.

Och am radioaktiven Deel vum Reakter, do wou mir net filme konnten, ginn am Moment gréisser Aarbechten duerchgefouert. De Jérôme Le Saint, Direkter vum Site Cattenom explizéiert: “Mir kontrolléiere mat engem spezielle Roboter, ob et am Baseng keng Rëss ginn. Da setze mir de primäre Waasserreseau, also do, wou déi radioaktiv Flëssegkeet zirkuléiert, ënnert Drock, fir ze kucken, ob d’Leitungen dem héijen Drock standhalen. An drëttens blose mir quasi d’Reaktergebai op, fir déi duebel Bëtongsmaueren ze testen.”

Fir d’Tranche 3 ass et schonn déi 3. “Visite décennale”. Si fält nach méi grouss aus wéi déi zwou virdrun. EDF investéiert 200 Milliounen Euro. Net nëmme fir Verschläissstécker z’ersetzen, mä och fir de Reakter fit fir d’Zukunft ze maachen. Eigentlech war dës Atomzentral fir eng Lafzäit vu 40 Joer ausgeluecht. Mä EDF wëllt Cattenom méi laang wéi 2033 um Netz halen. Den EDF-Vertrieder Jérome Le Saint: “A Frankräich ginn et keng fest Lafzäite fir Atomzentrale méi. Mir hunn ëmmer Autorisatioune fir 10 Joer. Wann d’Betribserlabnes fir Cattenom 3 ëm 10 Joer verlängert gëtt, komme mir dann op 40 Joer Lafzäit. Wa mir 2031 dann erëm eng grouss Revisioun maachen, kann de Betrib ëm weider 10 Joer verlängert ginn, also op 50 Joer Lafzäit.”

EDF seet, si hätten och hir Lektiounen aus Fukushima geléiert. Esou goufen zu Cattenom virun zwee Joer beispillsweis nei Dieselmotoren installéiert, fir och am ultimative Katastrophefall d’Stroumversuergung vun de Waasserpompelen ze garantéieren. Trotzdeem bleift de Ruff, dass Cattenom e Pannereakter ass. Eng Kritik, déi den Direkter vum Site net gëlle léisst: “Cattenom ass e séchere Site. E gouf déi lescht 30 Joer permanent ugepasst, esou dass en haut nach méi sécher ass, wéi wou e gebaut gouf. Cattenom ass sécher a mir produzéieren hei Stroum ouni CO2-Emissiounen an zu nidderege Käschten.”

Claude Turmes: Franséisch Wierker manner sécher, wéi déi Däitsch

Bei der Atomkraaft gëtt et keng absolut Sécherheet dofir kämpfe mir dofir, datt Cattenom zougemaach gëtt. Dat sot de gréngen Energieminister Claude Turmes am Interview op RTL Tëlee Lëtzebuerg. Den Direkter vun der Atomzentral vu Kettenuewen hat en Dënschdeg bei enger Visitt fir d’Press vun enger sécherer Zentral geschwat, déi och nach gutt fir de Klimaschutz wier, well CO2 fräi produzéiert gëtt.

Den Energieminister huet allerdéngs betount datt déi franséisch Wierker vill manner sécher wiere wéi déi däitsch. Dat, well an Däitschland de Gros vun de Radioaktive Materialer an der Bëtongshüll sinn, zu Kettenuewen leien déi donieft an enger blechen Hal. Wat hien awer och net seet, ass, datt déi Mesuren, déi déi franséisch Regierung fir d’AKWen no Fukushima decidéiert huet, eréischt 2038 am Wierk am Dräilännereck fäerdeg ëmgesat ginn.

Wat de Claude Turmes positiv stëmmt fir géint d’Atomkraaft virzegoen ass d’Ënnerstëtzung vun de grénge Parteien an de Nopeschlänner. An der Belsch si jo déi Gréng un der Regierung bedeelegt an et steet een a Kontakt mat hinnen, fir déi Belsch Zentral no un der Grenz mat Lëtzebuerg zouzemaachen. Dëst wäert dem Claude Turmes no dann och an den nächste Jore passéieren. Vis-à-vis vu Cattenom huet een da mam Saarland a Rheinland-Pfalz zwee Alliéiert, mat deenen ee gemeinsam Schrëtt ënnerhëlt. Donieft hofft de Claude Turmes, datt déi Gréng an Däitschland dëst Joer an d’Regierung kommen, well een dann nach méi e groussen Alliéierten hätt.

De Film “An Zéro” weist, wat bei enger Atomkatastroph zu Cattenom zu Lëtzebuerg kéint geschéien. Lëtzebuerg wier dann onbewunnbar. En Zenario, deen dem Claude Turmes no keen ausschléisse kéint.

Nieft der Sécherheet wier och de radioaktiven Offall e grousse Problem huet de Claude Turmes nach betount.

Back to Top
CIM LOGO