EU-Sommet zu BréisselSozial geziilt Mesurë wann d'Energiepräisser "substantiell" an d'Luucht ginn

François Aulner
D'Regierung wäert sozial gezillt Mesuren huelen, wann d'Energiepräisser weider héich bleiwen, hat den Energieminister Lex Delles en Dënschdeg gesot. De Premier Luc Frieden huet dat en Donneschdeg bei senger Arrivée um EU-Sommet zu Bréissel widderholl.
© François Aulner

Vu wéini un oder vu wéi engem Präiss un d’Regierung handele wäert, huet hien awer op Nofro hin net gesot. Hie sot dat hei: “Mir handelen dann wann d’Präisser fir de Bierger a fir d’Entreprisen zu Lëtzebuerg géinge substantiell an d’Luucht goen. Dat ass fir de Moment net de Fall, well vill vun deene Kontrakter ofgeschloss ginn fir eng Rei Joren.”

De Premier huet och betount, datt de Staat scho gehollef hätt bei den Netzkäschten, wat als preventiv Mesure unzegesi wier. “Mir hoffen, datt dee Krich hei net ze laang gëtt an domadder d’Weltpräisser sech wäerte stabiliséieren”, esou nach de Premier.

Ungarn vs. Ukrain: keen Ueleg, keng 90 Milliarden Euro

Um EU-Sommet zu Bréissel en Donneschdeg wieren u sech den US-israeelesche Krich géint den Iran an d’Energiekris den Haaptsujet gewiescht, wann net nees d’Ukrain am Vierdergrond géing stoen. D’EU hat schonn 90 Milliarden Euro Prêt iwwer zwee Joer fir d’Ukrain guttgeheescht, mee well Ungarn duerno nees blockéiert huet, mussen déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe sech en Donneschdeg nees mam ungaresche Premier Viktor Orban ausenanersetzen.

Woubäi den 12. Abrëll Walen an Ungarn sinn, wou awer natierlech net gewosst ass, wat genee geschitt, wann den Challenger Peter Magyar den Orban géing schloen. D’Ukrain an d’EU kënnen net waarden, dowéinst huet d’EU-Kommissioun en Dënschdeg scho probéiert, den Orban z’iwwerzeegen d’Hëllef fir d’Ukrain duerchzewénken. An zwar andeems se d’Inspektioun vun enger Pipeline an der Ukrain ugekënnegt huet. Den Orban wërft nämlech dem ukrainesche President Selenskyj vir, d’Energiepräisser an Ungarn bewosst no uewen ze drécken, fir d’Walen ze manipuléieren.

De Luc Frieden sot, hie wier zouversiichtlech, datt een eng Léisung géing fannen. Den ungaresche Premier Viktor Orban war awer en Donneschdeg de Moien nach kategoresch: wann d’Ukrain den Ueleg net an Ungarn fléisse léisst, hëlleft Ungarn der Ukrain net. Am Géigesaz zum Lëtzebuerger Premier war dann d’EU-Chefiplomatin Kaja Kallas eegenen Aussoen no “net ganz optimistesch”, mee si géing op de Conseilspresident Antonio Costa hoffen, deen intensiv géing probéieren, mam Orban eng Léisung ze fannen.

USA, Israel an Iran: Ni ze spéit fir Diplomatie

Wann Ungarn an d’Ukrain net scho fir genuch Kappzerbrieches suergen, muss d’EU dann och op de Krich am Iran, deen d’USA an Israel lassgetrëppelt hunn, reagéieren. Keen an der EU ass am Moment och bereet, iergendwéi um Krich am Iran bedeelegt ze ginn. De Premier sot, et misst een d’Situatioun am Mëttlere Osten deseskaléieren. Ouni Gewalt awer, mee duerch Diplomatie. Fir déi wier et ni ze spéit.

Lëtzebuerg ass wéi aner Länner iwwerdeems och komplett dogéint, fir russesch Energie nees an der EU zouzeloossen.

An de Premier war iwwregens och nach ëmmer optimistesch, wat d’Fro vun der Opsiicht fir d’europäesch Spuer- an Investitiounsunioun ugeet. Lëtzebuerg réngt do mat aneren EU-Länner, fir datt déi Opsiicht net eng europäesch géing ginn, mee d’Länner selwer dat nach ëmmer kéinte maachen. De Luc Frieden zielt op de Finanzminister Gilles Roth, deen de Sujet op weideren Treffe vun de Ministere wäert mussen ugoen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO