Bei engem schwéiere Bëschbrand an Andalusien am Süde vu Spuenien sinn op d'mannst 12 Mënschen ëm d'Liewe komm. Wéi d'Regionalregierung e Freideg matgedeelt huet, ass d'Feier en Donneschdeg am Nomëtteg an der Géigend vun Almeria ausgebrach. Verschidden Affer goufen dout an hiren Autoe fonnt. Nieft den Doudege goufen och eng sëlleg Leit blesséiert. Grond fir de Brand kéint eng Stroumleitung sinn, déi lassgaangen ass an op komplett ausgedréchent Vegetatioun gefall ass.
D'Rettungsekippe kruten eegenen Aussoen no "iwwer 150 Appeller vu Bierger, déi de Brand gemellt hunn". Den éischten Aussoen no "hunn Zeie gesot, datt e Kabel, datt erofgefall ass, de Brand ausgeléist huet". D'Ongléck war an der Géigend vun enger Schnellstrooss ausgebrach an d'Flamen hu sech "séier op de Bësch an der Géigend vun der Strooss" ausgebreet. D'Aussoe vun den Zeie goufe bis elo awer nach net vun offizieller Säit confirméiert.
De Chef vum regionale Katastropheschutz Antonio Sanz huet d'Situatioun eng "Tragedie, déi hiresgläiche sicht" genannt. Déi ganz Nuecht iwwer hunn eng 150 Pompjeeë géint d'Flame gekämpft. Dosende Leit goufen him no evakuéiert. Déi regional Autoritéiten hunn den Noutfall deklaréiert an annoncéiert, datt eng Unitéit vun der Arméi, déi op esou Krisen virbereet sinn, "an den nächste Stonnen" op der Plaz wäert sinn. Verschidde Stroossen an d'Uertschaft Bédar, déi an der betraffener Regioun läit, goufe gespaart.
Spuenien ass staark vun der globaler Erwäermung getraff. Zanter e puer Joer gëtt et reegelméisseg laang Hëtztwellen, déi schonn am Fréijoer ufänken a bis an de Summer eran unhalen. Dobäi ginn deels Temperature vun iwwer 40 Grad Celsius erreecht, wat esou Bëschbränn favoriséiert.
2025 sinn dem europäeschen Informatiounssystem fir Bëschbränn no eleng a Spuenien 393.000 Hektar Bësch a Land de Flamen zum Affer gefall. Dat waren déi schwéierst Bëschbränn an de leschte Joren a Spuenien. Bei den iwwer 8.000 Bränn vum leschte Joer waren dem Inneministère no aacht Leit ëm d'Liewe komm. Beim aktuelle Brand eleng awer läit d'Afferzuel scho bei op d'mannst 12.
Och d'Nopeschlänner vu Spuenien also Portugal a Frankräich kämpfen aktuell aktiv mat der Hëtzt. Dat dréchent Wieder an déi héich Temperature begënschtege och den Ausbroch vu verschiddene Bränn.
A Frankräich sinn op ville Plaze weider Bëschbränn amgaang, an d'Gefor, dass neier ausbriechen, wier enorm héich, heescht et vun de concernéierte Pompjeeën.
An néng Departementer gëllt vum Freideg un eng Alerte rouge wéinst der Hëtzt an der Dréchent. Eng Hëtztwell gëllt an 76 Departementer.
De klengste Fonken kéint zu enger Katastroph féieren, sou d'Warnung, virun allem am Süden an am Westen.