GazasträifOp d'mannst 7 Doudeger no israeeleschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
Bei zwou separaten Attacken op e Flüchtlingslager an zu Chan Junis sinn de palästinenseschen Autoritéiten no op d'mannst 7 Leit ëm d'Liewe komm.
Bei israelischen Luftangriffen sind im Gazastreifen nach Angaben der von der radikalislamischen Hamas kontrollierten Zivilschutzbehörde mindestens sieben Menschen getötet worden.
© AFP

Fënnef Doudeger gouf et deemno bei enger Dronenattack op d'Flüchtlingslager al-Maghasi. Eng ganz Partie weider Leit goufe blesséiert. D'Zuel vun den Doudesaffer gouf vum Al-Aksa-Spidol confirméiert. Der Noriichtenagence AFP no sot en Zeien, datt en Dënschdegmoien e Grupp arméiert Männer an d'Flüchtlingslager agedronge wier. Si wiere vun de Bewunner ugegraff ginn, wouropshin eng israeelesch Dron dës attackéiert huet. Déi arméiert Männer wieren dunn an e Gebitt geflücht, dat ënnert israeelescher Kontroll steet. Schonn e puer mol waren Ausenanersetzungen tëscht Gaza-Residenten an angeeblech vun Israel ënnerstëtzten Anti-Hamas-Milize gemellt ginn.

D'Nasser-Spidol zu Chan Junis huet iwwerdeems zwou Läiche gemellt, déi no enger Loftattack op e Gefier ageliwwert goufen. Vun engem israeelesche Militärspriecher gouf eng Loftattack zu Chan Junis confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO