Bericht vum "Spiegel"USA wëllen NATO-Bäiträg däitlech reduzéieren

AFP, iwwersat vun RTL
Engem Bericht vun der däitscher Zeitung "Spiegel" no wëllen d'USA hir militäresch Bäiträg zur NATO an Zukunft däitlech reduzéieren. E Vertrieder vum US-Defenseministère hätt déi aner alliéiert Staate bei enger Reunioun zu Bréissel doriwwer informéiert.
Die USA wollen einem Medienbericht zufolge ihre militärischen Beiträge zur Nato deutlich reduzieren. Die Kürzungen sollen unter anderem US-Kampfjets, Kriegsschiffe, Drohnen oder Tankflugzeuge betreffen, berichtete der "Spiegel".
© AFP/Archiv

Washington géif an Zukunft "erhieflech manner militäresch Schlësselfäegkeete bereetstellen", heescht et. Vun de Kierzunge betraff wieren ënner anerem "US-Kampfjetter, Krichsschëffer, Dronen oder Tankfligeren".
D'Zuel vun de Kampfjette soll ëm een Drëttel reduzéiert ginn, U-Booter wëllen d'USA iwwerhaapt net méi bereetstellen.

Schonn zanter méi laangem fuerdert Washington, datt Kanada an aner europäesch Partner méi Responsabilitéite bei der Defense vum NATO-Territoire iwwerhuele sollen. Nieft dem rezenten Ofzuch vun US-Truppen aus Europa, gehéiert dozou och e sougenannte "burden shifting", also eng Laaschte-Verlagerung bei de Kommando-Strukturen an de militäresche Fäegkeeten.
Déi elo gemellte Reduzéierunge géife sech op de sougenannten "Nato Force Model" bezéien, dee beschreift, wéi ee Land der NATO am Asazfall wéi séier wéi vill Zaldoten a militäresch Geräter zur Verfügung stellt.

D'NATO selwer huet sech bis ewell net zu de konkreeten Angabe geäussert. Vertrieder vun de Partner-Staaten hätte sech bei der Reunioun e Freideg iwwer "zukünfteg Bäiträg" zum Nato Force Model ausgetosch, esou d'Spriecherin vun der Defense-Allianz Allison Hart. An der Vergaangenheet hätt et eng "iwwerméisseg Ofhängegkeet" vun Zaldoten a Fäegkeete vun den USA ginn. En Vue vun den erhéichten Defenseausgaben an Europa a Kanada, kéint sech "d'Balance vun der Responsabilitéit" allerdéngs verlageren.

Back to Top
CIM LOGO