Fir d’Loftofwier zoustänneg ass elo awer net méi eleng de Militär respektiv de Staat, mee och privat Gesellschafte bidden dat un. Kritesch Infrastrukturen an Industrie kënne vu Sécherheetsfirme geschützt ginn. Zanter dem leschte Joer funktionéiert esou e Pilotprogramm vu Kyiv – weltwäit deen eenzegen an deem Genre.
An engem geheime Keller an der Géigend vu Kharkiv an der Ukrain gesäit et aus, wéi wa sech e Kollektiv fir Videospiller zesummefonnt hätt. Et ass bal esou. Just, dass hei net gespillt gëtt, mee geschafft. Hei sécheren Operateuren Ziler vu Clienten, déi fir privat Loftofwier bezuelen. Nimm gëtt ee keng gewuer. Hir prezis Ziler, déi se gäre geschützt hätten och net. Mee et sinn Industrieller, déi wëlle verhënneren, dass hiert Eegentum russeschen Dronenattacken zum Affer fält, de Ruslan vun der privater Sécherheetsfirma Carmine Sky:
"Mir si complementaire zum traditionnelle, staatleche Modell vun der Loftofwier. Déi staatlech Defense huet méi eng strateegesch Roll, mir si lokal."
Carmine Sky ass eng vun 20 Gesellschaften, déi mëttlerweil ugemellt sinn an der Ukrain. Zwou dovu sinn der den Ament schonn operationell. Si sinn all Dag ronderëm d’Auer am Déngscht. Interceptor Dronen, Flaktierm a schwéier Maschinnegewierer gehéieren zum Arsenal a logistesch ass och KI am Asaz.
"Mir huele selwer keng Decisiounen, wat d’Ziler ugeet. Mir schaffen do enk mam Verdeedegungsministère zesummen. Ziler an d’Decisioun ze schéissen, gëtt vun hinne geholl. Mir dierfen dat net selwer entscheeden."
Vill Dronen konnten duerch den Asaz vun deenen anonymmen Operateuren déif ënnert dem Buedem awer schonn ofgeschoss ginn, ier se Misère gemaach hätten. Fir déi meescht am Kontrollraum ass de Kampf géint Russland en Niewenjob, dee si laanscht hirem Haaptliewensënnerhalt an hirem Familljeliewen organiséieren.