SlowenienParlament wielt Rietsnationalist Janez Jansa nees als neie Regierungschef vum Land

RTL mat AFP
De Ministerpresident Robert Golob a seng liberal Partei hunn no enger knapper Victoire bei de Walen Enn Mäerz keng Regierung konnten op d'Been stellen.
© JURE MAKOVEC/AFP

D'Parlament a Slowenien huet de Rietspopulist Janez Jansa zum neie Regierungschef vum Land gewielt. Vun de 87 Deputéierten déi beim Vott present waren, hunn der e Freideg 51 fir e Retour vum Jansas op de Poste gestëmmt, 36 dogéint. De Janez Jansa gëllt jo als Fan vum US-President Donald Trump a war zënter 2004 schonn dräi Mol Regierungschef.

De Ministerpresident Robert Golob a seng liberal Partei hunn no enger knapper Victoire bei de Walen Enn Mäerz keng Regierung konnten op d'Been stellen. Dem Golob seng Partei hat um Enn nëmmen en hauchdënne Virsprong op dem Jansa seng Sloweenesch Demokratesch Partei SDS. Dem Jansa ass et dunn dës Woch a Verhandlunge mat anere Parteie gelongen, sech eng Majoritéit fir seng Wal als neie Ministerpresident ze sécheren.

De Jansa ass wärend senger vergaangener Amtszäit, déi 2022 op en Enn gaangen ass, ëmmer nees mat Instanzen zu Bréissel uneneegeroden. A Slowenien huet säin haarden Ëmgang mat Journalisten an der Justiz zu Masseprotester deemools gefouert.

Back to Top
CIM LOGO