ParäisStéck vum Eiffeltuerm fir 450.000 Euro versteet ginn

RTL mat AFP
En Deel vun der Original-Wendeltrap vum Eiffeltuerm ass zu Paräis versteet ginn.
Wendeltrap Eiffeltuerm
Wendeltrap Eiffeltuerm
© DIMITAR DILKOFF/AFP

D'Auktiounshaus Artcurial huet en Donneschdeg matgedeelt, datt en Deel vun der Original-Wendeltrap vum Eiffeltuerm zu Paräis fir 450.000 Euro versteet ginn ass. D'Stéck vun der Trap, dat sech e franséischer Sammler geséchert huet, ass dräi Meter héich an huet 14 Träppleken. De Wäert war virdrun op 120.000 bis 150.000 Euro geschat ginn.

D'Träppleke gehéieren zu der Wendeltrap, déi déi zweet an déi drëtt Etage vum Eiffeltuerm verbonnen hunn. Wéi 1983 de Lift agebaut gouf, gouf d'Wendeltrap a 24 ënnerschiddlech grouss Deeler zerluecht. D'Deeler vun der Trap sinn zu beléifte Sammlerstécker ginn a si mëttlerweil uechter déi ganz Welt verdeelt. Verschiddener sinn a Privatbesëtz, anerer sinn ëffentlech ze gesinn, wéi beispillsweis an de Gäert vun der Yoishii-Stëftung a Japan.

De vum Ingenieur Gustave Eiffel fir d'Paräisser Weltausstellung vun 1889 kreéierten Eiffeltuerm zielt zu de gréissten Touristenattraktioune weltwäit. Den 324 Meter héijen Tuerm ass dat meeschtbesichte Bauwierk a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO