Member vu Schëffsequipage infizéiertWHO mellt e weideren Hantavirus-Fall an Holland

RTL mat AFP
Wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun e Freideg matgedeelt huet, gouf an Holland déi mëttlerweil 12. Infektioun mam Hantavirus enregistréiert.
Bei einem weiteren Besatzungsmitglied des Kreuzfahrtschiffes "Hondius" ist eine Infektion mit dem Hantavirus festgestellt worden.
Bei einem weiteren Besatzungsmitglied des Kreuzfahrtschiffes "Hondius" ist eine Infektion mit dem Hantavirus festgestellt worden.
© ANP/AFP

Bei engem weidere Crewmember vun der Croisière "Hondius" ass eng Infektioun mam Hantavirus festgestallt ginn. Dobäi handelt et sech ëm ee Member vum Schëffsequipage , dee schonn an Holland an Isolatioun gewiescht wier, sou de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) Tedros Adhanom Ghebreyesus e Freideg zu Genf.

U Bord vun der "Hondius" war et wärend enger Croisière, déi iwwert e puer Woche vun Argentinien a Richtung Cap Vert gefuer war, zu engem Hantavirus-Ausbroch komm. Dräi Passagéier ware gestuerwen. Bei Zwee vun hinne gouf de Virus confirméiert, bei der drëtter Persoun gëllt eng Infektioun als warscheinlech. Mat deem Infektiounsfall, deen elo gemellt gouf, klëmmt d'Zuel vun de confirméierten oder presuméierten Ustiechunge mam Hantavirus, mat den Doudegen abegraff, der WHO no op 12.

Viru knapp zwou Woche ware méi wéi 120 Passagéier a Crewmemberen op Teneriffa vun der Croisière gaangen a mat speziellen Transportmëttel an hir Heemechtslänner zréckbruecht ginn. Wéinst der laanger Inkubatiounszäit an dem potenziell déidleche Verlaf vun Hantavirus-Infektioune ginn déi betraffe Persounen zanterhier isoléiert a medezinesch iwwerwaacht.

De Crewmember, deen elo positiv getest gouf, ass elo zur Sécherheet an e spezialiséiert Spidol bruecht ginn. Dat hunn déi hollännesch Gesondheetsautoritéite matgedeelt. Do ass hien elo op enger spezieller Isoléier-Statioun.

Hantavire kënne schwéier Otemweeerkrankunge verursaachen. Eng Impfung gëtt et net. Vun enger weiderer Pandemie ass aktuell awer net auszegoen.

Back to Top
CIM LOGO