KanadaPartei vum Premier Carney séchert sech a Komplementarwalen d'Majoritéit am Parlament

AFP, iwwersat vun RTL
Duerch zwee Sëtz, déi een zu Toronto konnt huelen, hunn déi Liberal elo déi absolut Majoritéit am kanadesche Parlament.
De kanadesche Premier Mark Carney gouf bei de Komplementarwalen weider gestäerkt.
© AFP

D’Partei vum kanadesche Premierminister Mark Carney hat sech mat zwou Victoiren an de Komplementarwalen eng Majoritéit am kanadesche Parlament geséchert. Dem Carney seng Liberal hunn e Méindeg ouni ze vill grouss Méi zwee vun den dräi Sëtzer, déi nach ze besetze waren, geséchert. D’Partei hat bei de Parlamentswale viru ronn engem Joer déi meescht Sëtz kritt, war awer knapp laanscht déi absolut Majoritéit gerutscht.

Zu Toronto dominéiert

Déi Liberal hunn hir zwee Sëtz an der Metropol Toronto, wou si déi rezent Walen dominéiert hunn, geholl. D’Resultat am drëtte Walkrees Terrebonne am Québec war laang onkloer, well weder de Kandidat vun de Liberalen nach de Kandidat vum Bloc Québécois sech kloer ofsetze konnt.

D’Victoire zu Toronto verschaaft de Liberalen déi komplett Kontroll iwwer d’Parlament. Si hunn elo genuch Sëtz, fir sécherzestellen, datt si de Spriecher vum Ënnerhaus, selwer e Liberalen, net brauchen, fir bei Gläichstand vun de Stëmme sech duerchzesetzen. De Carney huet den neie liberale Parlamentarier gratuléiert an erkläert, si zwee géife Kanada “nach méi staark” maachen.

Trump veronséchert Kanadier

De Premierminister huet jo schonn annoncéiert, datt een de Militärbudget massiv géif eropsetzen. Als Grond huet hie genannt, datt Kanada sech net méi bei Sécherheetsfroen op d’USA ka verloossen. Weider schafft de Mark Carney aktuell och un Handelsofkommes mat Länner an Europa an an Asien.

Datt den Donald Trump an den USA nees un d’Muecht koum, huet d’Kanadier veronséchert. Den US-President huet jo schonn e puer Mol domadder gedreet, fir Kanada ze annektéieren an de Carney als “Gouverneur” vun engem US-Bundesstaat bezeechent.

Back to Top
CIM LOGO