Opname vu CCTV weisen DotPolice verstäerkt Presenz no Brandattentat op jiddesche Rettungsdéngscht zu London

AFP, iwwersat vun RTL
Nom Brandattentat op Ambulanze vun engem jiddesche Rettungsdéngscht huet e pro-iranesche Grupp sech zu der Dot bekannt. D'Police vu London wëll hir Presenz nach méi verstäerken.

No engem Brandattentat op eng Ambulanz vun engem jiddesche Rettungsdéngscht zu London, dat als antisemittescht Haassverbrieche klasséiert gouf, huet déi brittesch Police annoncéiert, hir Presenz fir de Schutz vun der jiddescher Communautéit ze verstäerken. 264 zousätzlech Beamte souwéi “däitlech siichtbar” arméiert Patrulle géingen agesat ginn, huet de Chef vun der Metropolitan Police Mark Rowley e Méindeg erkläert. Virdrun hat d’Police vun engem “Brandattentat” geschwat, deen als antisemittescht Haassverbriechen ënnersicht” géing ginn.

D’Pompjeeë waren eegenen Informatiounen no e Méindeg géint 1.40 Auer wéinst Gefier a Brand an de Quartier Golders Green geruff ginn, an deem majoritär Judde liewen. Déi ausgebrannt Gefierer waren der Police no véier Ambulanze vum Rettungsdéngscht Hatzalah vun der jiddescher Communautéit. D’Bränn hätte geläscht kënne ginn an et wier kee blesséiert ginn.

Brandattentat op jiddesche Rettungsdéngscht zu London
Nom Brandattentat op Ambulanze vun engem jiddesche Rettungsdéngscht huet e pro-iranesche Grupp sech zu der Dot bekannt. D’Police vu London wëll hir Presenz nach

De wéineg bekannte Grupp Harakat Ashab al-Yamin al-Islamiya (Islamesch Beweegung vun de Mënsche vun der Rietser Hand) huet sech an engem Video op Telegram zu der Dot bekannt. De Grupp ass der “Organisation Site” no, déi op d’Iwwerwaachung vun islamisteschen Online-Plattforme spezialiséiert ass, pro-iranesch. De Grupp hat dëse Mount schonn änlech Attacken an der Belsch an an Holland fir sech reklaméiert.

D’Policeunitéit fir Terrorismusbekämpfung huet d’Ermëttlungen an deem Fall iwwerholl. “D’Feststellung vun der Authentizitéit an d’Genauegkeet vun dëse Bekennerschreiwes wäert fir d’Ermëttlungsekipp Prioritéit hunn”, sot den Haaptkommissär Luke Williams op der Plaz. “Videoopname vun Iwwerwaachungskamerae schéngen dräi vermummt Leit ze weisen, déi e Brandbeschleuneger op d’Gefierer schëdden, éier si dës ufänken a flüchten.”

De brittesche Premier Keir Starmer huet de Virfall als “zudéifst schockéierend antisemittescht Brandattentat” bezeechent. “Meng Gedanke si bei der jiddescher Communautéit”, déi mat dëser “schrecklecher Noriicht” erwächt ass, huet de Starmer op X geschriwwen a betount, datt Antisemitismus “an eiser Gesellschaft keng Plaz” huet.

De Grupp vu Fräiwëllegen Shomrim North West London, deen duerch Quartiere fiert, fir opzepassen, huet d’Attentat als “geziilte” Virfall bezeechent, deen “zudéifst” beonrouegt. D’Brandattenat hätt en “onverzichtbare Rettungsdéngscht” vun der lokaler jiddescher Communautéit viséiert, huet de Grupp op Facebook geschriwwen. “Eng Attack op dëse Rettungswon ass eng Attack op d’Sécherheet, d’Wuel an d’Widderstandsfäegkeet vun eiser Communautéit.”

Back to Top
CIM LOGO