Fir d'éischte Kéier zanter JoerzéngtenPolitesch Diskussiounen tëscht de Regierungen aus dem Libanon an Israel

Joel Detaille
Zanter 1948 si béid Länner formell gesinn am Krichszoustand.
Den israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu
© AFP

Fir d’éischte Kéier zanter Joerzéngte ginn et dësen Dënschdeg politesch Diskussiounen tëscht de Regierungen aus dem Libanon an Israel. Vertrieder vu béide Säite kommen zu Washington beieneen. Ufanks awer wuel mol just op Diplomaten-Niveau.

Zanter 1948 sinn de Libanon an Israel formell gesinn am Krichszoustand a béid Säite si sech dann och iwwer d’Ziler vun de Verhandlungen nach net eens.

Déi libaneesesch Säit wëll iwwert eng méiglech Wafferou tëscht Israel an der Hisbollah-Miliz schwätzen. Israel schléisst esou eng Waffepaus awer aus a fuerdert, dass d’Hisbollah hir Waffen néierleet.

Déi am Géigenzuch huet déi libaneesesch Regierung schonn opgeruff, guer net eréischt mat Verhandlungen unzefänken, soulaang wéi d’israeelesch Arméi sech net aus dem Süd-Libanon zeréckgezunn huet.

Back to Top
CIM LOGO