4 Joer Krich an der UkrainVun Iwwerfall, Géigenoffensiven, Dronekrich a Verhandlungen ouni Duerchbroch

Kevin Kayser
De 24. Februar 2022 hu russesch Truppen d'Ukrain attackéiert. Dëst huet net just d'Regioun, mä déi ganz westlech Politik beaflosst.
Ukrainesch Zaldoten attackéieren den 21. Januar 2026 Positioune vu russeschen Truppen.
Ukrainesch Zaldoten attackéieren den 21. Januar 2026 Positioune vu russeschen Truppen.
© IRYNA RYBAKOVA/AFP

De 24. Februar 2022 huet Russland e groussen Ugrëff op d’Ukrain gestart an domadder géint d’Vëlkerrecht verstouss. Dës Attack huet esouwuel d’Ukrain wéi och ganz Europa an eng nei a bluddeg Phas bruecht an huet zanterhier d’Liewen an d’Politik radikal verännert. Dëse Krich ass net nëmmen eng militär Ausernanersetzung, en ass eng Zäsur fir déi ukrainesch Gesellschaft, fir d’Regioun an fir d’Bezéiungen tëscht Russland an dem Westen, well de Konflikt Froen iwwer Souveränitéit, Sécherheet an d’Zukunft vun der europäescher Uerdnung opwërft. Russland selwer schwätzt laang Zäit net vun engem Krich, mä vun enger “Spezialoperatioun” fir d’Ukrain vun den “Nazien” ze befreien. Moskau geet deels esou wäit, datt Russen, déi ëffentlech vu Krich schwätzen oder de russeschen Asaz an der Ukrain kritiséieren, juristesch poursuivéiert, verurteelt an agespaart ginn.

Vun den éischte Stonne vum Krich un huet d’Bild vum Konflikt sech séier entwéckelt: Grouss Offensiven, Deeler vum Territoire besat, an eng Frontlinne am Osten an am Süden, déi sech an de Joren no der Invasioun zu engem zäitleche, oft bluddege Ofnotzungskrich entwéckelt hunn.

© HENRY NICHOLLS / AFP

Millioune Leit op der Flucht

D’Zuelen, déi d’Konsequenze vun dësem Krich illustréieren, sinn dramatesch: Millioune Mënsche sinn op der Flucht, iwwer zéng Millioune Flüchtlinge sinn an Europa verdeelt an d’Vereenten Natiounen an aner Organisatioune schwätzen vun enger der gréisster Fluchbeweegung zanter dem Zweete Weltkrich. Séier awer mécht d’Ukrain Grenzen zou an dat fir Männer tëscht 18 a 60 Joer. Si sollen nämlech doheem bleiwen an d’Land verdeedegen. Am August 2025 gouf de Mindestalter op 22 gehéicht.

D’Mënschen, déi doheem bliwwe sinn, liewen ënner permanenter Gefor: Stied a Dierfer sinn zerstéiert, Wunnengen, Schoulen an Spideeler goufe bombardéiert, an d’Infrastruktur, besonnesch d’Energieversuergung, ass gezielt attackéiert ginn, wat d’Zivilbevëlkerung an de kale Méint a grouss Nout bruecht huet.

© HENRY NICHOLLS / AFP

Dausende Kanner dout oder blesséiert

De Mëssbrauch an d’Kollateralschied sinn och besonnesch fir d’Kanner tragesch: UNICEF dokumentéiert, datt Dausende Kanner ëmbruecht oder verwonnt goufen, datt Schoulen a Gesondheetsstrukture massiv beschiedegt sinn an datt dat psychosoziaalt Leed enorm ass. Vill vun hinnen hunn nämlech matkritt, wéi Familljememberen oder Kolleegen ëm d’Liewe komm sinn. D’Organisatioun huet zanter 2014 a besonnesch no 2022 eng grouss Hëllefsaktioun opgebaut, fir Kanner mat Noutversuergung, psychosozialer Betreiung an edukativen Offeren ze ënnerstëtzen. Op wirtschaftlechem Plang huet de Krich déi ukrainesch Wirtschaft an d’Infrastruktur schwéier getraff. Schätzunge vu wirtschaftleche Verloschter an de Käschte fir den Neiopbau ginn op d’Zuelen an de Milliarden Euro geschätzt an déi negativ Suitte fir den Handel, d’Energieinfrastruktur an d’Investitioune si laangfristeg.

Invasioun féiert zu Sanktioune géint Russland

Op internationalem Niveau huet d’Invasioun eng staark Reaktioun ausgeléist: eng Rei vun haarde Sanktioune géint Russland a vill westlech Entreprisen, déi sech aus dem russesche Marché zeréckgezunn hunn. Eng wäitreechend militär, finanziell an humanitär Ënnerstëtzung fir d’Ukrain duerch EU-Länner, d’USA an aner Partner an eng politesch Isolatioun vu Moskau bei groussen internationale Sommeten an och op de sportlechen a kulturellen Evenementer. D’Ënnerstëtzung huet der Ukrain gehollef, sech zanter 2022 ze verdeedegen an offensiv Aktiounen ze lancéieren, awer si huet och d’Geopolitik verännert an d’Debatt iwwert d’Grenze vun der Eskalatioun an d’Roll vun der NATO an Europa nei entfacht. Zanter Ufank 2025, zu deem Ament, wéi den Donald Trump an den USA un d’Muecht koum, goufen et fir d’Ukrain däitlech méi schwéier, Hëllef aus de Vereenegte Staaten ze kréien.

© HENRY NICHOLLS / AFP

Verhandlunge dréine sech am Krees

No véier Joer Krich bleift de Stand vun de Verhandlungen onkloer. Et gouf wuel verschidde Ronne vu Gespréicher esouwuel ganz am Ufank vum Konflikt wéi och Enn 2025 an Ufank 2026, awer e stabillen, ëmfaassenden Friddensaccord ass net an Siicht. Dëst hänkt och vill drun, datt d’Ukrain déi russesch Fuerderungen, fir de kompletten Donbass opzeginn, net akzeptéiere wëll a Russland am Géigenzuch awer och weder déi initial Grenz nach déi aktuell Front als Grenz wëll bäibehalen. Dës Frontlinne sinn an villen Deeler nach ëmmer net fest an d’Gefor vu weideren Eskalatiounen, inklusiv Attacken op Energieanlagen an op Zivilinfrastruktur, bleift héich. D’Zukunft hänkt dovun of, ob diplomatesch Weeër, Sécherheetsgarantien an eng ëmfaassend international Ënnerstëtzung kombinéiert kënne ginn, fir eng Léisung ze fannen, déi et der Ukrain erlaabt, hir Souveränitéit ze garantéieren, an hëlleft, d’Land nees nei opzebauen. An dat Ganzt ouni de Risiko, datt d’Regioun an Europa an eng nach méi déif Kris rutschen.

Timeline: Wichteg Wendepunkter am Russland-Ukrain-Konflikt

Drone gi wichtegst Waff

Dronen hunn am Ukrain-Krich zënter der éischter Phas 2022 eng wichteg Roll gespillt, sinn awer zanter 2023 an an de Joren dono zu der dominanter, dacks decisiver Waffekategorie entwéckelt ginn

© HENRY NICHOLLS / AFP

Zënter der Invasioun 2022 hu béid Säiten Drone fir Opklärung, d’Fanne vun Ziler an direkt Ugrëff benotzt. D’Kombinatioun vu bezuelbarem Zougang zu kommerzielle Systemer, der Entwécklung vu spezialiséierte Kamikaze- an FPV-Dronen an der Fäegkeet, se a groussen Zuelen ze produzéieren, huet d’Bedeitung massiv vergréissert. Dëst huet d’Krichsféierung verännert: net nëmmen High‑Tech‑Systemer, mä och Low‑Cost‑First-Person-View‑Dronen hunn op engem breede Frontlinnen direkten Afloss op Taktike gehat.

D’Präisser a Verfügbarkeet erlaben eng Massentaktik: Drone liwwere präzis, lokal Zerstéierung ouni Risiko fir Piloten. Si verbesseren d’Zesummenaarbecht tëscht Opklärung an Ugrëff a si zwéngen d’Géigner, fir héichwäerteg Léisunge fir d’Ofwier vun dësen Dronen ze entwéckelen, wat d’Käschte an d’Komplexitéit vun der Defense erhéicht.

Kuerz Timeline: Wichteg Etappen an der Dronen-Evolutioun

© IRYNA RYBAKOVA / THE 93RD KHOLODNYI YAR SEPARATE MECHANIZED BRIGADE / AFP
Sourcen


Rezent Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO