
“En 72 Joer ale Mann, dee wéinst dem Verdacht op Amtsmëssbrauch festgeholl gouf, ass géint Kautioun fräigelooss ginn, bis d’Ermëttlungen ofgeschloss sinn”, huet déi brittesch Police en Dënschdeg de Moien erkläert. Den Numm Mandelson ass net gefall. D’Sendere BBC a Sky hunn allerdéngs Opname gewisen, wéi de Peter Mandelson a Begleedung vun zwee Polizisten an Zivil vu sengem Wunnsëtz am Norde vu London fortgeféiert gouf. Hie wier mat op e Policebüro geholl an do verhéiert ginn.
De fréiere britteschen Ambassadeur zu Washington kritt reprochéiert, vertraulech Regierungsinformatiounen un den Jeffrey Epstein weiderginn ze hunn. Als Géigeleeschtung hätt hie Sue kritt. Déi rezent verëffentlecht Epstein-Dokumenter hu gewisen, dass de Mandelson, wéi hie vun 2008 bis 2010 Minister ënnert dem Premier Gordon Brown war, vertraulech Finanzdate vun der deemoleger Labour-Regierung un den Epstein soll weiderginn hunn.
D’Police hat Ufank Februar Ermëttlunge lancéiert. Zwee Wunnhaiser vum Mandelson am nobele Quartier Regent’s Park zu London an zu Wiltshire am Südweste vun England goufen duerchsicht. De Mandelson selwer huet sech zanterhier net ëffentlech geäussert. Ma och den haitege brittesche Premierminister Keir Starmer geréit elo ëmmer méi an de Fokus. Hien hat de Mandelson Ufank d’lescht Joer zum US-Ambassadeur ernannt an dat, obschonn hien do scho wousst, dass dësen nom Epstein senger Verurteelung 2008 weiderhi Kontakt mat him hat. De Starmer hat e Récktrëtt no den neisten Epstein-Revelatioune refuséiert.
Eréischt leschten Donneschdeg war de fréiere brittesche Prënz Andrew am Kader vun den neiste Verëffentlechunge festgeholl ginn. Och hien ass nees fräi an och hie kritt reprochéiert, vertraulech Berichter mam Sexualstroftäter Epstein gedeelt ze hunn. Géint de Brudder vum Kinnek Charles III. gëtt wéinst dem Verdacht op e Feelverhalen an enger offizieller Funktioun ermëttelt. Donieft wërft eng Fra him vir, si als Mannerjäreg sexuell mëssbraucht ze hunn.
Den Epstein stoung ënner Verdacht, méi wéi dausend mannerjäreg a jonk Frae sexuell mëssbraucht an deels u Prominenter, wéi zum Beispill de Prënz Andrew, vermëttelt ze hunn. 2008 gouf hie verurteelt an ass en ëmstriddenen Deal mam Procureur agaangen. Hie krut deemools nëmmen 18 Méint Prisong. Ee Mount nodeems den Jeffrey Epstein 2019 wéinst weidere Reprochë vu sexuellem Mëssbrauch op en Neits festgeholl gi war, war hien dout a senger Zell fonnt ginn. Den Autoritéiten no hat hie sech selwer d’Liewe geholl.