
De russesche President Wladimir Putin huet en Donneschdeg fir d’orthodoxt Ouschterfest dëse Weekend eng Wafferou vun 32 Stonnen an der Ukrain virgeschloen. Den ukrainesche Staatschef Selensykj huet antëscht annoncéiert, dass d’Ukrain hirersäits bereet wier, sech un dës Wafferou ze halen. Deemno solle vun e Samschdeg 16 Auer ukrainescher Zäit un bis e Méindeg Mëtternuecht d’Waffen an der Ukrain rouen.
Am Virfeld vun dëser Wafferou ginn d’Kämpf an der Ukrain awer wéi gewinnt virun. E Freideg mellt d’Militärverwaltung vun der ostukrainescher Regioun Dnipropetrowsk zwee Doudesaffer bei russeschen Attacken. D’Regioun wier den Autoritéiten no bal 30 Mol mat Dronen an Artillerie ugegraff ginn.
De Wolodymyr Selenskyj verlaangt iwwerdeems, dass d’amerikanesch Sanktiounen op de russesche Pëtrol nees vollstänneg a Kraaft trieden. Dës goufe jo nom Ufank vum Krich géint den Iran vun der US-Regierung deelweis opgelockert. Esou dierfen US-Entreprisen, bis den 11. Abrëll russeschen Ueleg kafen, dee scho virum 12. Mäerz op Schëffer verluede war. D’Zil vun dëser Mesure ass eng Offiederung vun der Hausse vun den Uelegpräisser, déi d’US-Attack op den Iran an de Blockage vum Passage vun Hormus, als iranesch Reaktioun op dësen Ugrëff, no sech zéien.
Als Grond fir dës Opfuerderung nom Retour vun de Sanktiounen huet den ukrainesche President déi aktuell Wafferou tëscht den USA an dem Iran genannt. Am Kader vun der Wafferou, léisst den Iran aktuell deelweis nees Schëffer duerch dee fir de globalen Ueleg-Handel esou wichtege Mierespassage.
Aus dem Kreml ass et iwwerdeems d’Annonce, dass den Ënnerhändler Krill Dmitriew den Ament fir Gespréicher an den USA wier. Et géif hei awer net ëm eng Léisung vun er Ukrain-Fro goen. Den Dmitriew wier fir Wiertschaftsgespréicher an Amerika.