
Russesch Truppen hunn iwwer Nuecht Dosende vun ukraineschen Dronen ofgeschoss, déi a Richtung Moskau ënnerwee waren. Dat huet de Buergermeeschter vun der russescher Haaptstad, Sergei Sobjanin, e Freideg matgedeelt.
D'Ukrain huet an de leschte Méint hir Ugrëff mat Dronen iwwer grouss Distanzen op russeschen Territoire verstäerkt. Dobäi ginn ënner anerem Energie-Infrastrukture viséiert, fir dem Kreml eng wichteg Quell vu Recetten ze entzéien, mat deenen de Krich finanzéiert gëtt.
"Noutdéngschter sinn op de Plazen am Asaz, wou Dronendeeler erofgefall sinn", sou de Sobyanin op Telegram no der Attack. Senge Wierder no goufen op d'mannst 660 Dronen ofgefaangen.
En änlechen ukraineschen Ugrëff hat d'lescht Woch e grousse Brand an enger Raffinerie am Südoste vu Moskau ausgeléist.