Temperaturrekord fir de JuniZu Basel an der Schwäiz goufen 38 Grad gemooss

RTL mat AFP
Domadder gouf de Rekord fir Juni vu 36,9 Grad aus dem Joer 1947 gebrach.
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

Mat 38 Grad zu Basel huet d'Schwäiz en Donneschdeg déi héchsten jeemools am Mount Juni gemoossen Temperatur verzeechent. Domadder wier den aktuelle Juni-Rekord aus dem Joer 1947 gebrach ginn. Deemools louchen d'Temperature bei 36,9 Grad Celsius, esou de Schwäizer Wiederdéngscht Meteoschweiz. Och viru bal aacht Joerzéngte war déi héchsten Temperatur am Juni zu Basel gemooss ginn.

Wéinst der Hëtztwell a Westeuropa gëllt och an de gréisste Deeler vun der Schwäiz den héchste Warnlevel fir d'Hëtzt. Am héchste sinn d'Temperaturen am Norde vun der Schwäiz, wou nieft Basel nach op d'mannst fënnef Wiederstatiounen iwwer 37 Grad gemellt hunn. An der Schwäiz rechent een domadder, datt d'Hëtzewell nach bis op d'mannst e Méindeg wäert daueren.

Back to Top
CIM LOGO