
De Supreme Court huet decidéiert, datt d'Reegele vun de federalen Autoritéite méi Gewiicht hunn ewéi d'Gesetzer vun eenzelen US-Staaten. Dat well déi amerikanesch Emweltschutz-Agence, déi d'Pestiziden reguléiert, am Virfeld net festgehalen hat, datt de Produit "Roundup" kriibserreegend wier.
Doduerch verléieren Dausende vu Prozesser géint Bayer an där Fro hir juristesch Grondlag. An dëse Kloe gouf behaapt, datt op dem Mëttel géint Onkraut "Glyphosat" net genuch viru méigleche Kriibsrisike gewarnt gouf.
Dëst Urteel kéint Bayer ganz vill Suen a weider juristesch Problemer erspueren.