
Teheran reprochéiert der Nato eng "Matschold" um US-israeelesche Krich géint den Iran. Datt den Nato-Generalsekretär Mark Rutte an engem Interview d'Ënnerstëtzung vun der Allianz fir d'USA an deem Konflikt ervirgehuewen hat, wier dem Spriecher vum iraneschen Ausseministère no en "eendeitegt a vernichtend Ageständnes vun der aktiver Matschold vun der Nato un engem illegalen Ugrëffskrich géint e souveränen UN-Memberstaat". Den US-President hat sech virdru bei enger Entrevue mam Rutte zu Washington iwwer e Manktem un Ënnerstëtzung vun der Unioun beklot.
Den Nato-Generalsekretär hat nom Treffe mam Donald Trump e Mëttwoch am US-Sender Fox News gesot, datt Honnerten US-Fligere wärend dem Krich vu Loftwaffestëtzpunkten an Italien aus gestart sinn a Rumänien den ziville Loftverkéier limitéiert hat, fir Fluchhäfen, fir ze tanken, ze notzen. Weider huet de Mark Rutte vu bis zu 5.000 Starts vun US-Fligeren aus Europa wärend dem Konflikt geschwat. "Land op Land, Alliéierter op Alliéierter hunn hir Stëtzpunkte fir déi 'Epesch Roserei' zur Verfügung gestallt", esou de Rutte mat Bezuch op d'Bezeechnung vun den USA fir de Militärasaz am Iran.
De Spriecher vum iraneschen Ausseministère huet gefuerdert, datt Italien a Rumänien, "wéi och all aner europäesch Länner, déi der amerikanesch-israeelescher Aggressioun géint den Iran Ënnerstëtzung geleescht hunn, hirer Bevëlkerung an der ganzer Welt erkläre" missten, firwat si sech fir eng "Matschold" decidéiert hätten an "dësem eklatanten Akt vun der Aggressioun an de massenhafte grujelegen Dote géint dat iranescht Vollek".
Italien huet d'Aussoe vum Rutte iwwerdeem zréckgewisen. Dem Verdeedegungsministère zu Roum no géing de Message falsch vermëttelt ginn. Italien hätt mat bestoenden Accorde mat den USA nëmmen "technesch a logistesch" US-Fliger accordéiert, awer keng Kampfasätz.
D'Relatiounen tëscht den USA an den aneren Nato-Alliéierten ass zanter méi laangem ugespaant. Den Trump hat Länner wéi Italien an Däitschland dofir kritiséiert, d'USA am Iran-Krich net genuch ënnerstëtzt ze hunn an huet widderhuelt domat gedreet, si am Eeschtfall net ze verdeedegen. De Rutte, deen als "Trump-Flüsterer" bezeechent gëtt, wollt zu Washington d'Situatioun virum nächsten Nato-Sommet de 7. an 8. Juli zu Ankara entspanen.