Lawrow reest op PekingKrich am Iran Sujet bei Gespréicher tëscht Russland a China

RTL mat AFP
China, Russland, d'Vereenegt Arabesch Emirater an de Vietnam treffe sech, fir iwwer d'Auswierkunge vum Iran-Krich ze schwätzen.
De russeschen Ausseminister Sergej Lawrow ass a zu Peking gelannt.
De russeschen Ausseminister Sergej Lawrow ass a zu Peking gelannt.
© HANDOUT / RUSSIAN FOREIGN MINISTRY / AFP

De russeschen Ausseminister Sergej Lawrow ass en Dënschdeg fir Gespréicher zu Peking agetraff, dat virum Hannergrond vum Krich an der Golfregioun. Russland wëll ënner anerem d’Zesummenaarbecht mat China intensivéieren. Bei senger Arrivée an der chineesescher Haaptstad gouf de rouden Teppech ausgerullt. Dat ass op Biller ze gesinn, déi de russeschen Ausseministère publizéiert huet.

Ma net just Russland a China sëtzen zesummen um Dësch, fir iwwer d’Problematik, déi de Krich an der Golfregioun ausgeléist huet, ze diskutéieren. Och de Generalsekretär vun der kommunistescher Partei am Vietnam To Lam an de President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater Mohammed bin Sayed Al Nahyan sinn op Peking gereest.

De Lawrow an de chineeseschen Ausseminister Wang Yi wëllen an de Gespréicher “Meenungen austauschen a Positioune koordinéieren iwwer d’Entwécklung vu bilaterale Bezéiungen, déi fir d’Zesummenaarbecht a verschiddene Beräicher an internationalen a regionale Affäre vu gemeinsamen Interessi sinn”, heescht et aus China.

Dem russeschen Ausseministère no wëlle béid iwwer de Krich an der Ukrain an iwwer d’Situatioun am Noen Oste beroden. Peking a Moskau schaffe wirtschaftlech a politesch enk zesummen. Zanter der russescher Invasioun vun der Ukrain 2022 sinn d’Bezéiungen nach méi enk ginn. De Wang hat de 5. Abrëll mam Lawrow telefonéiert a béid Ausseminister haten eng Zesummenaarbecht ausgemaach, fir d’Spannungen am Noen Osten ze deeskaléieren.

De chineesesche Ministerpresident Li Qiang sot antëscht dem President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater, datt Peking bereet wier, “weider eng konstruktiv Roll ze spillen” an dozou bäidroe wéilt, datt nees “Fridden a Rou an der Golfregioun” entsteet.

Wärenddeem huet de chineeseschen President Xi Jinping opgeruff, datt déi national Souveränitéit am Noen Osten an an der Golfregioun misst respektéiert ginn. “D’Souveränitéit, d’Sécherheet an déi territorial Integritéit vun de Golfstaaten am Noen Osten muss respektéiert ginn”, esou de President géintiwwer der staatlecher Tëlee CCTV.

Back to Top
CIM LOGO