Eng sëllege Verstéiss gemelltRussland an Ukrain beschëllege sech géigesäiteg, Ouschter-Wafferou net ze respektéieren

RTL Lëtzebuerg
U sech sollt fir dat orthodoxt Ouschterfest dëse Weekend net gekämpft ginn. Dat war d'Ofmaachung, ma Russland an d'Ukrain reprochéiere sech - wéi schonn zejoert - géigesäiteg, d'Wafferou ze violéieren.
Een Appartementshaus an der ukrainescher Stad Sumy, dat e Samschdeg vun enger Dron zerstéiert gouf.
Een Appartementshaus an der ukrainescher Stad Sumy, dat e Samschdeg vun enger Dron zerstéiert gouf.
© FRANCISCO RICHART BARBEIRA/NurPhoto via AFP

Déi éischt Violatioune soll et scho ginn hunn, kuerz nodeems d’Paus e Samschdeg am Nomëtteg ugefaangen hat. Zanterdeem mellen d’Ukrainer insgesamt bal 2.300 Verstéiss vun der russescher Säit.
28 direkt Attacken hätt et ginn, an iwwer 500 Bommenattacken, grad ewéi ronn 1.800 Dronenattacken.

D’Russe behaapten iwwerdeems, déi ukrainesch Truppen hätten an de Grenzregioune Kursk a Belgorod ugegraff. Zu Kursk wier ënnert anerem ee Kand blesséiert ginn. Insgesamt heescht et aus Russland, et hätt ee schonn eng 2.000 Verstéiss géint d’Ouschter-Wafferou registréiert.

An engem Videomessage huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gesot, seng Arméi géif sech un den Accord halen. Wann et no him géif goen, géif d’Waffepaus och verlängert ginn.

Back to Top
CIM LOGO