Accident op Rutsch an DäitschlandSchwämm a Produzent sinn trotz falscher Notzung responsabel

AFP, iwwersat vun RTL
Beim Bau a Betrib vu Waasserrutsche muss engem Urteel no och akalkuléiert ginn, datt Leit dës falsch benotzen a sech blesséiere kënnen.
Beim Bau und Betrieb von Wasserrutschen muss auch einkalkuliert werden, dass Menschen diese falsch benutzen und sich verletzen können. Dies entschied der Bundesgerichtshof in Karlsruhe.
Datt Leit Waasserrutsche falsch notze kéinten, misst dem Urteel no am Viraus beduecht ginn.
© AFP/Archiv

D'Uerwerlandgeriicht Oldenburg huet en Dënschdeg matgedeelt, datt de Bundesgeriichtshaff zu Karlsruhe en Urteel zu engem Mann confirméiert huet, deen zanter engem Accident op enger Rutschban querschnëttsgeläämt ass. De 37 Joer ale Mann ass allerdéngs mat schold um Accident, wouduerch d'Entschiedegungsuspréch däitlech reduzéiert sinn.

Den Accidentéierte war trotz Verbuet um Bauch a mam Kapp no vir eng Waasserrutschban erof gerutscht. Dobäi ass hie géint eng Mauer vum Baseng gerannt an huet eng Querschnëttslämung kritt. D'Bedreiwerin vun der Schwämm an de Produzent vun der Rutsch mussen elo Dommages et intérêts bezuelen.

Dem Urteel, dat vum Bundesgeriichtshaff confirméiert, no sinn d'Bedreiwerin an de Produzent och responsabel, obwuel et Warnschëlder op der Rutsch gouf, déi et verbidden um Bauch ze rutschen. Eng Waasserrutsch dierft awer net nëmme sécher sinn, wa se richteg genotzt géing ginn. Et hätt ee scho bei der Planung vun der Rutsch misse bedenken, datt d'Leit se falsch notze kéinten. Dat kéim a Schwämme reegelméisseg vir. Esou hätt et am konkreete Fall e méi groussen Ofstand tëscht dem Auslaf vun der Rutsch an der Mauer géigeniwwer misse ginn.

Datt de Mann mat schold u sengem Accident ass, reduzéiert d'Haftung vum Produzent ëm 50 Prozent an déi vun der Bedreiwerin vun der Schwämm ëm 40 Prozent. D'Langeriicht Oldenburg wäert elo an engem weidere Prozess iwwer d'Héicht vun den Dommages et intérêts an dem Schuedenersatz decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO