Prisongsstrof fir d'KoppelSechs Joer aalt Meedchen huet seng Mamm misste beim Sex filmen

RTL Lëtzebuerg
E Geriicht am däitschen Tübingen huet sech mat enger méi bizarer Affär auserneegesat.
© charlesdeluvio / Unsplash (Archiv)

Déi 35 Joer al Mamm huet hir sechs Joer als Duechter gezwonge gehat, fir si beim Sex ze filmen. Dowéinst gouf d’Fra elo zu dräi Joer an néng Méint Prisong verurteelt. D’Geriicht huet d’Mamm an 33 Fäll vu schwéierem sexuelle Mëssbrauch schëlleg gesprach. Dorënner och, datt d’Fra Fotoe vun hirer plakeger Duechter gemaach huet an déi hirem Sex-Partner ginn huet.

De 67 Joer ale Mann gouf wéinst Ustëfte vun zum Deel schwéierem sexuelle Mëssbrauch an 31 Fäll schëlleg gesprach a muss dofir zwee Joer an néng Méint an de Prisong. De Mann hat fir Sex mat der Fra bezuelt an hat hir, der Uklo no, esouguer nach méi ginn, wann hiert d’Meedchen zu deem Ament am Raum wier.

Der Feststellung vum Geriicht no huet d’Kand op d’mannst eng Kéier missten d’Koppel beim Geschlechtsverkéier filmen. Ëmmer nees huet hatt dann och mussen aner sexuell Handlunge vun der Mamm ouni Partner dokumentéieren a gouf och selwer virun d’Kamera gestallt.

Back to Top
CIM LOGO