E Mëttwoch an der StadIwwer 150 Leit manifestéiere fir Solidaritéit mat kurdescher Communautéit

Chris Meisch
Op der Clairesfontainesplaz an de Stad hu sech e Mëttwoch iwwer 150 Leit afonnt, fir der kurdescher Communautéit hir Solidaritéit auszedrécken.

Déi rezent Affrontementer tëscht de Regierungstruppen an de Kurden a Syrien hunn an de leschten Deeg an enger ganzer Rei Stied an Däitschland Dausende vu Leit op d’Stroosse gedriwwen, déi fir d’Rechter vun de Kurde protestéiert hunn. Weltwäit gëtt et iwwer 20 Millioune vun dëser Communautéit, déi gréisstendeels an der Tierkei, dem Irak, Iran a Syrien liewen. Si fille sech virun allem vum syresche Staat an der Tierkei scho joerzéngtelaang systematesch diskriminéiert.

Och zu Lëtzebuerg war e Mëttwoch eng Manifestatioun op der Stater Clairefontainesplaz.

“Mir sinn oppe Leit, mir respektéiere jiddereen”

Zanter Joerzéngte stinn déi kurdesch Regiounen a Syrien ënnert anerem ënner staarkem politeschen a militäreschen Drock. Déi rezent Wafferou, déi tëscht de Regierungstruppen an der Kurdemiliz am Nordoste vu Syrien fonnt gouf, steet op wackelege Féiss an Zéngdausende Leit sinn op der Flucht.

D’Kurde wëllen am ganz ugespaanten internationale Kontext net vergiess ginn an hoffen, datt Europa – an och kleng Länner ewéi Lëtzebuerg – hir Stëmm notzen, fir op internationalem Niveau Drock auszeüben, wéi de kurdeschen Aktivist Askander Tamo, erkläert: “Mir sinn am Stach gelooss ginn a mir ginn ëmbruecht. Kee wëll eis ënnerstëtzen. D’Mënschheet soll sech schummen, mir sinn och Mënschen. Mir wëlle mat de Chrëschten, mat de Judden, mat den Araber a mat alle Reliounen zesumme liewen. Mir respektéieren een deen aneren. Mir sinn oppe Leit, mir respektéieren jiddereen.”

D’syresch Regierung erkennt d’kurdesch Selbstverwaltung net un a strieft eng vollstänneg Kontroll iwwer den Territoire un, sou den Askander Tamo weider: “Mee déi Leit soen eis, mir däerfen net méi eis Sprooch schwätzen, mir missten eis upassen an integréieren, eis Relioun konvertéieren a radikal muslimesch ginn. Mee dat wëlle mir net, dat ass net eis Kultur.”

Déi 150 Demonstranten hu besonnesch och d’Roll vun der internationaler Communautéit kritiséiert, déi d’Kurden no hirem Asaz am Kampf géint den islamesche Staat politesch am Stach gelooss hätten.

Back to Top
CIM LOGO