Flich tëscht Lëtzebuerg a München betraffZwee Deeg laange Streik vu Lufthansa-Kabinnepersonal ugefaangen, weidere Pilotestreik en Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Wien e Fluch bei der Lufthansa oder enger vun hiren Duechtergesellschafte gebucht huet, kéint e Mëttwoch oder en Donneschdeg net op senger Destinatioun ukommen.
Bei der Lufthansa streikt no de Piloten och d’Kabinnepersonal.
© Photo by HANNES P ALBERT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

De Streik bei der Lufthansa geet weider. Nom Enn vum Pilotestreik, deen e Méindeg an en Dënschdeg war, streikt e Mëttwoch an en Donneschdeg d’Kabinnepersonal. Déi ronn 20.000 Stewardessen a Stewarde verlaange besser Aarbechtskonditiounen am neien Tarifvertrag, deen aktuell ausgehandelt gëtt, mä bei dem d’Diskussiounen net richteg virukommen. Honnerte Flich goufe scho fir e Mëttwoch annuléiert.

En Donneschdeg an e Freideg wëllen dann och d’Piloten nees streiken, wéi d’Vereenegung Cockpit (VC) annoncéiert huet. Grond dofir wier, datt et vun der Säit vu Lufthansa keng Beweegung géing ginn. Déi zwee Deeg wéilt een all d’Volle vun der Lufthansa vun däitsche Fluchhäfen an all Departe vun de Lufthansa-Duechtere Cargo a Cityline blockéieren. Ausnam si Flich op Aserbaidschan, Ägypten, Bahrain, Irak, Israel, Jemen, Jordanien, Katar, Kuwait, Libanon, Oman, Saudi-Arabien an d’Vereenegt Arabesch Emirater. Bei der Lufthansa-Duechter Eurowings soll just en Donneschdeg gestreikt ginn.

D’Lufthansa feiert e Mëttwoch iwwerdeems 100. Gebuertsdag mat enger Feier an engem neien Hangar zu Frankfurt. Do ass ënnert anerem de Bundeskanzler Merz mat derbäi. Virun der Dier leeft dann e Protest vun de Gewerkschaften.

Och Flich vun an op Lëtzebuerg betraff

Wat Lëtzebuerg ugeet, si fir e Mëttwoch am ganze véier Flich tëscht dem Findel a München betraff.

Back to Top
CIM LOGO