
Den Xi Jinping ka sech natierlech medial gutt als grousse Staatsmann inzenéieren, dee mat den USA op Aenhéicht negociéiert. Mä wa mer elo iwwer konkret Resultater schwätzen, dann ass et - fir den Ament mol nach - ganz dënn. Eigentlech hu sech béid jo gesinn, fir iwwer Wirtschaft an Handel ze negociéieren. Den Donald Trump huet carrement vun groussaartegen Handelsaccorde geschwat. Hien huet behaapt China géing 200 Boeing-Fligere kafen.
Ob dat elo wierklech esou ass, ass eng aner Fro. Da gouf am Virfeld ganz vill iwwer een Handelsaccord spekuléiert, bei deem China den USA Soja-Boune soll ofkafen. Also méi wéi dat wat scho virgesi war. Mä och doriwwer ginn et keng Detailer. An natierlech war och déi ganz Technologie-Branche mat derbäi, also den Elon Musk mat Tesla an X, de Tim Cooke vun Apple oder den Jensen Huang, Chef vun NVIDIA. Déi ware ganz zefridden aus den Negociatiounen erauskomm. Hinne soll méi Accès op den chineesesche Marché versprach gi sinn, mä dat war och schonn emol an der Vergaangenheet de Fall. De chineesesche President hat deemools säin Verspriechen awer net gehalen.
An do ass vläicht och dat konkreetst Resultat derbäi erauskomm. China an d'USA wëllen eng gemeinsam Linn fueren beim Thema Iran. Do hätt China dem Donald Trump no wuel och gesot, dass d'Strooss vun Hormus misst opbleiwen.
"Mir hunn iwwer den Iran diskutéiert an mir denken d’selwecht iwwer den Iran. Mir wëllen, dass dës Situatioun ophält. Mir wëllen net, dass si Atomwaffen hunn. Mir wëllen, dass d’'Strooss vun Hormus op ass. Mir sinn derbäi, se zou ze maachen. Si hu se fir d’éischt zougemaach an duerno mir. Mä mir wëllen d’Strooss op, well dat do ass verréckt. Si sinn e bëssen verréckt. An dat ass net gutt. Dat kann net sinn. Si kënne keng Atomwaffen hunn.
Et wier wuel och gesot ginn, dass den Iran keng Taxen dierf froe fir Schëffer, déi duerch d'Strooss vun Hormus fueren. Dat ass also schonn ganz konkret.
China huet effektiv een Interêt ze vermëttelen, well si ronn 50 Prozent vun hirem Pëtrol aus der ganzer Regioun ronderëm den Iran kritt. Natierlech ass et fir eng Handelsmuecht och wichteg, dass d'Liwwerkette net andauernd ënnerbrach ginn. Also wann déi Strooss vun Hormus andauernd blockéiert ass, dann hutt dat och Konsequenze fir si. Donieft ass et och sou, dass China e gudden Drot zu Teheran huet. 80 Prozent vum iranesche Pëtrol ginn direkt an déi chineesesch Volleksrepublik. An dat weist natierlech, dass Peking wierklech Drock maache kann. Mä ob si et maachen, ass dann natierlech wichteg.
Nee et kéint ee souguer soen, et war Äiszäit déi lescht Joren tëscht den zwou gréisste Wirtschaftsmuechten op der Welt. D'Relatioun tëscht den USA a China ass zanter Joren immens ugespaant: Zwee Handelskricher mat héijen Stroftaxe géigesäiteg, Konkurrenz bei der Entwécklung vun KI an dann natierlech geopolitesch Konflikter ewéi den Taiwan. D'Insel gëtt zanter Joerzéngten onofhängeg an demokratesch regéiert, mee China gesäit Taiwan als Deel vum eegene Staatsgebitt un. D'USA liwweren Taiwan awer Waffen am Wäert vu Milliarden Dollar. An grad do war dem Xi Jinping seng Linn direkt ganz däitlech. Hien huet den Donald Trump ganz däitlech gewarnt, datt d'Taiwan-Fro zu "Konflikter" kéint féieren, wann d'USA sech ze vill amëschen. Fir China ass Taiwan eng absolut rout Linn. An dat weist, datt trotz dem diplomatesche Toun d'Spannungen immens grouss bleiwen.
Dat ass eigentlech relativ séier erkläert. Wann d'Relatioun tëscht Washington a Peking eskaléiert, da spiert déi ganz Welt dat: Präisser, Handel, Technologie, Energie: alles hänkt dovunner of. An Europa sëtzt do e bëssen tëscht den zwou Supermuechten. Dofir gëtt esou e Sommet weltwäit ganz genee observéiert. An och den chineesesche Staatschef ass sech senger Positioun ganz bewosst.
"Aktuell beschleunege sech Verännerungen, wéi d'Welt se zanter engem Joerhonnert net méi kannt huet. Déi international Situatioun ass gepräägt vun Onrouen a groussen Ëmbréch, an d'Welt steet op enger neier Kräizung. Kënnen China an d'USA déi sougenannt "Thukydides-Fal*“ iwwerwannen an en neie Modell fir d'Relatioune tëscht de grousse Muechten schafen? Kënne mir eis zesummendinn, fir global Erausfuerderungen unzegoen an der Welt méi Stabilitéit ze bréngen? Kënne mir de Wuelstand vun eisen zwee Vëlker an d'Zukunft vun der Mënschheet virubréngen an zesummen eng roseg Zukunft fir d'Relatioune tëscht China an den USA schafen?"
Een Treffen mat vill Symbolik also, mee ob et wierklech fir méi Stabilitéit suergt an ob aus där Konkurrenz eng kontrolléiert Rivalitéit gëtt, dat wäert sech eréischt an de nächste Méint weisen.
*" D’Thukydides-Fal“ ass e Begrëff aus der Politikwëssenschaft. En geet zeréck op den anticke griicheschen Historiker Thucydides. Den huet beschriwwen, wéi am anticke Griicheland den Opstig vun Athen Angscht bei der bis dohi dominanter Muecht Sparta ausgeléist huet an dass dës Spannunge schlussendlech zum Krich gefouert hunn. Haut benotzt een de Begrëff, wann eng nei grouss Muecht opsteigt an déi bestoend Supermuecht sech doduerch menacéiert fillt. Am aktuelle Kontext: China gëllt als déi opsteigend Muecht, d’USA als déi etabléiert Weltmuecht. D'Fro ass also: féiert dës Rivalitéit automatesch zu engem grousse Konflikt oder esouguer zu engem Krich oder kënnen déi zwou Säiten dat vermeiden? De Begrëff gouf an de leschte Jore besonnesch populär duerch de Politolog Graham Allison, deen argumentéiert huet, datt esou Muecht-Verschibungen an der Geschicht dacks zu Kricher geféiert hunn.